Haaptsäit

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Ablécklech WikiProjeten: Kënschtlerbiographien a Leit op Stroosseschëlter.

Artikel vun der Woch

De Stater Tram besteet aus enger Tramslinn (der T1), déi vun der Firma LuxTram S.A. bedriwwe gëtt.

No jorelaangen Diskussiounen a Geplangs huet d'Chamber de 4. Juni 2014 mat 56 vu 60 Stëmmen e Gesetz gestëmmt, fir en Tram vun der Luxexpo op d'Stater Gare ze bauen. Den 18. September 2015 goung et lass mam Bau. Déi éischt Schinne goufen am Juli 2016 an der Avenue Kennedy verluecht.

Dat éischt Deelstéck bis bei d'Halt Rout Bréck - Pafendall goung den 10. Dezember 2017 op. D'Streck gouf bis Juli 2024 véiermol verlängert a féiert virleefeg op enger Längt vu knapps 12 km vun der Luxexpo iwwer de Kierchbierg, den Hamilius, d'Garë vu Lëtzebuerg an Houwald bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg. Den 2. Mäerz 2025 geet mat der fënnefter a leschter Verlängerung déi definitiv Streck tëscht dem Fluchhafe Findel an dem Stadion op. D'Linn huet da 24 Statiounen op ronn 16 Kilometer. Weider Linnen, ë. a. iwwer d'Areler Strooss, op Hollerech a laanscht d'Autobunn A4 bis op Bieles, solle bis 2035 nokommen.

D'Linn gëtt da mat Urbos 3-Ramme vun der spuenescher Firma CAF exploitéiert, déi Plaz hu fir bis zu 450 Leit pro Ramm. Am Stadzentrum fueren d'Zich ouni Catenaire a ginn do mat Stroum aus Superkondensatoren ugedriwwen... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn datt...

  • ... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
  • ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
  • ... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
Archiv

Op engem 30. Dezember

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 30. Dezember...soss en Dag2024
Archiv

Kierzlech Verstuerwen

Marie-Claude Beaud
Marie-Claude Beaud
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… Männer bei der Mandi Safar -Zeremonie am Duerf Air Hitam Laut, an der indoneesescher Provënz Jambi.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen

Sprooch
  NODES