Aire de Pontpierre

Raschtplaz mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher A4

Aire de Pontpierre ass den Numm vun enger Koppel Raschtplaze mat Bensinnsstatioun op der lëtzebuergescher Autobunn A4, an der Géigend vun der Uertschaft Steebrécken an der Gemeng Monnerech.

Steebrécken-Nord

änneren
 
D'Total-Statioun zu Steebrécken-Nord…

D'Raschtplaz Steebrécken-Nord ((fr) Aire de Pontpierre-Nord) läit ongeféier um KP 8,20 tëscht der Opfaart Leideleng-Süd (N° 2) an der Ausfaart Steebrécken (N° 3) an der Richtung fir op Esch-Uelzecht. D'Bensinnsstatioun gëtt vun TotalEnergies exploitéiert[1] a se huet 12 Pompele fir Autoen an der 10 fir schwéier Gefierer[2]. Op der Raschtplaz gëtt et kee Restaurant.

D'Raschtplaz louch bis Oktober 2019 ronn 2,3 km méi südlech, direkt bei der Uertschaft Steebrécken, wou se vu Shell exploitéiert gouf. De 15. Dezember 2022 ass se op der neier Plaz opgaangen[3].

Den Deplacement vun der Raschtplaz war néideg gi fir mat den Aarbechte fir den Ëmbau vum Verdeeler Steebrécke kënnen unzefänken. D'Amenagement vun der neier Raschtplaz, zesumme mam „Méi-breet-maachen“ vun der Autobunn op där Plaz gouf mat 8,08 Milliounen Euro budgetiséiert[4].

Steebrécken-Süd

änneren
 
an déi vun Esso op der anerer Säit.

An der Richtung fir an d'Stad läit d'Raschtplaz Steebrécken-Süd ((fr) Aire de Pontpierre-Sud) tëscht der fréierer Ausfaart Steebrécken (N° 2) an der Opfaart Steebrécken, ongeféier um KP 8,70.

D'Bensinnsstatioun gouf ursprénglech vun Texaco exploitéiert, zënter August 2024 ass et Esso[5]. Et gëtt kee Restaurant do.

Bis ëm d'Joer 2010 louch d'Raschtplaz ronn 1,5 km méi südlech, am Dräieck tëscht der Autobunn, der deemoleger Ausfaart Steebrécken (Rue d'Europe) an der Grand-Rue zu Steebrécken.

D'Käschte fir d'Amenagement vun der neier Raschtplaz goufen op 2,25 Milliounen Euro geschat[4].

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Aire de Pontpierre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. (fr)PONTPIERRE NL004016. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  2. (fr)Alexandra Parachini, Une station-service qui se fait attendre sur l'A4. Gekuckt de(n) 07.08.2024.
  3. (de)Tankstelle an der A4 offiziell eingeweiht. Luxemburger Wort (07.08.2024). Gekuckt de(n) 07.08.2024.
  4. 4,0 4,1 (fr)Projet de loi relative au réaménagement de l’échangeur de Pontpierre situé sur l’autoroute A4 (S.13). data.legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 07.08.2024.
  5. (fr)A4 Pontpierre direction Luxembourg. Petro-Center. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  NODES
Chat 1