Anders Jonas Ångström
Den Anders Jonas Ångström, gebuer den 13. August 1814 zu Lögdö bruk, Gemeng Timrå, a gestuerwen den 21. Juni 1874 zu Uppsala, war e schweedeschen Astronom a Physiker souwéi Matgrënner vun der Astrospektroskopie.
Anders Jonas Ångström | |
---|---|
Gebuer | 13. August 1814 |
Gestuerwen |
21. Juni 1874 Uppsala |
Nationalitéit | Schweden |
Educatioun | Universitéit Uppsala |
Aktivitéit | Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie |
Famill | |
Kanner | Knut Ångström |
Den Ångström studéiert op der Universitéit Uppsala Mathematik a Physik. 1839 promovéiert hien a léiert Physik op der Universitéit, vun 1858 bis zu sengem Doud war hie Professer. Vum Joer 1867 schafft den Ångström als Sekretär op der Kinneklech-Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Uppsala.
Bei senge Fuerschunge stoung d'Fuerschung vum Sonnespektrum op éischtem Plang. 1862 erreecht hien den Noweis vu Waasserstoff-Spektrallinnen. Hie stellt och d'Existenz vun aneren Elementer am Sonnespektrum fest a publizéiert 1868 en Atlas mat Spektrallinne vun der Sonn (Recherche sur les spectres solaires, Uppsala).
Nom Ångström gouf d'Längteneenheet Ångström genannt. Si gëtt haut virun allem an der Festkierper-, Hallefleeder- an Atomphysik souwéi an der Kristallographie an allgemeng an der Chimie gebraucht, well déi do optriedend Längten heefeg wéineg Ångström erginn.
Haut dréit e Gebai vun der Uppsala-Universitéit säin Numm (Ångströmlaboratoriet). Ausserdeem gouf de Moundkrater Angström nom Ångström genannt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Anders Jonas Ångström – Biller, Videoen oder Audiodateien |