Architektur
Architektur bezeechent d'Baukonscht, also am wäiteste Sënn d'Ausernanersetzung vum Mënsch mam gebaute Raum: d'Entwerfen, d'Gestalten an d'Konstruktioun vu Bauwierker, dacks mam Wëlle klassesch oder nei esthetesch Konzepter ëmzesetzen, oder sozial Komponenten oder Ëmweltaspekter an d'Fonctioun vum Bauwierk z'integréieren.
Architektur ka sech op all Zort Bauwierk bezéien, vu Wunnhaiser iwwer Bürosgebaier, reliéiser a militärescher, wëssenschaftlecher a musealer, industrieller an dekorativer.
Fréier gouf et dozou nach keng genee Trennlinn tëscht Kënschtler, Architekt an Ingenieur, an d'Bezeechnung huet dacks méi vu regionale Preferenzen ofgehaangen. Och e Kënschtler konnt viraals z. B. Brécken entwerfen, well den néidegen Niveau vu strukturelle Berechnungen nach am Capacitéitsberäich vum Generalist louch.
Etymologie
ännerenD'Wuert Architektur ass zusummegesat aus dem griich. αρχη [arché] - "Ufank, Ursprong, Grondlag, dat Éischt" an τεχνη [techné] - "Konscht, Handwierk", wat wiertlech mat Éischtem Handwierk oder Éischt Konscht z'iwwersetze wier, respektiv kënnt et vun αρχι- [archi-] - "Haapt-" an τέκτων [tékton] - "Baumeeschter" oder "Zammermann", also Haaptbaumeeschter oder Chefhandwierker.
Dovun hiergeleet ass et och an d'Laténgescht agaangen, wou architectura fir "Baukonscht" stoung.
Begrëffsvarianten
ännerenArchitektur war ëmmer d'Konscht vum Bauen, an dowéinst Deel vun de Beaux-arts. Wat nieft dësem zentralen Deel soss nach genee dozougehéiert, dat huet sech am Laf vun der Geschicht ëmmer erëm gewandelt, sou datt et eng Abberzuel Ënnervariante vun der Definitioun vum Begrëff gëtt, déi ëm verschidden Aufgaben, Contenuen a Bedeitungen zouschreiwen.
Sou hat z. B. am 20. Joerhonnert am Funktionalismus d'Gestaltung sech enk un der zweckméisseger Raumbildung z'orientéieren, wärend an der Rennaissance Architekten als Individuen ervirgetratt sinn, déi absënns am Barock nieft ornamentale Formen och nach Molerei a Skulptur mat an d'Architekur agebonnen hu fir e Gesamtkonschtwierk ze schafen.
Fotosalbum
änneren-
Norwegesch traditionell Holzarchitektur
-
Parthenon a Griicheland
-
Bannen an der Sant'Apollinare in Classe zu Ravenna
-
Kölner Doum (1248-1880)
-
Buerg Himeji a Japan (1346-1618)
-
Taj Mahal an Indien (1653)
-
Sagrada Familia zu Barcelona (1882-)
-
Oper zu Sidney (1973)
-
Modernistesche Waassertuerm zu Leideleng (2008)
-
Marina Bay Sands zu Singapur (2010)
-
The Shard zu London (2012)
-
Wou fänkt Architektur un an hält einfacht Bauen op?
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Architektur – Biller, Videoen oder Audiodateien |