Ben Polidori
De Ben Polidori, gebuer den 13. November 1989 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergeschen Informatiker a Politiker (LSAP; bis Juli 2024: Piraten).
Ben Polidori | |
---|---|
Gebuer |
13. November 1989 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Informatiker, Politiker, Foussballspiller |
Partei | LSAP |
Hie gouf 2023 bei de Kommunalwalen an de Gemengerot vu Viichte gewielt.[2].Bei de Chamberwalen dat selwecht Joer gouf hie fir d'éischt Kéier am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt, wou hie bis Juli 2024 d'Piratepartei vertrueden huet.[3] Den 19. September huet d'LSAP annoncéiert, datt de Ben Polidori de Sozialiste bäitrëtt.[4]
Bekannt ass de Ben Polidori och fir seng Karriär am Foussball.
Berufflech Karriär
ännerenDe Ben Polidori huet zanter 2011 bei POST Lëtzebuerg geschafft a war do zanter 2021 Chef vum Service „Engineering & Support".[5] Wéinst sengem politesche Mandat an der Chamber huet hien 2023 déi Aarbecht opginn, fir Vollzäit-Politiker ze sinn.[6]
Politesch Karriär
ännerenBei de Gemengewalen 2023 gouf hien an de Gemengerot vun der Gemeng Viichten gewielt[7]. Fir d'Chamberwalen 2023 huet hien als Spëtzekandidat am Bezierk Norde fir d'Piratepartei kandidéiert a gouf an d'Chamber gewielt[8]. Besonnesch an de Beräicher vun der Digitalisatiouns-, Educatiouns- a Familljepolitik ass de Ben Polidori aktiv.[9]
Am Juli 2024 ass hie wéinst Divergenzen aus der Piratepartei ausgetrueden an ass zënterhier onofhängegen Deputéierten.[10]
Den 19. September 2024 huet hien du säi Bäitrëtt bei der LSAP ugekënnegt.[4]
Karriär am Foussball
ännerenBis zu sengem 19. Liewensjoer huet de Ben Polidori zu Diddeleng gewunnt an huet do fir de lokale Foussballsveräin F91 gespillt mat deem hien zweemol Lëtzebuerger Meeschter gouf.[5] Duerno war hien dräi Joer bei der UN Käerjeng 97, éier en 2014 bei d'US Rëmeleng an 2021 bei den FC Koeppchen gewiesselt huet.[11] Hien huet am lénkse Mëttelfeld fir d'U21 gespillt an ee Gol a sechs Lännerspiller geschoss.[11] Säin héchste Maartwäert als Spiller louch bei 50.000 Euro.[11]
Privates
ännerenDe Ben Polidori gouf zu Esch-Uelzecht gebuer, huet dono zu Diddeleng a Wëncher gewunnt an nennt säit 2018 Viichten säin Doheem.[5] Hien ass bestuet an huet e Kand.[6]
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Ben Polidori. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-10-27.
- ↑ Le conseil communal. vichten.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
- ↑ (fr)BenPolidori. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
- ↑ 4,0 4,1 (de)Ben Polidori wechselt zur LSAP. Luxemburger Wort (19.09.2024). Gekuckt de(n) 19.09.2024.
- ↑ 5,0 5,1 5,2 (de)Claude Molinaro, Pirat aus dem Norden / Ben Polidori: Warum der Neue in der Chamber ein fairer Gegner ist. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
- ↑ 6,0 6,1 (de)Simone Molitor, Ben Polidori: der Aufsteiger aus dem Norden. luxemburger-wort-online (2023-11-06). Gekuckt de(n) 2023-11-06.
- ↑ (fr)Vichten. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
- ↑ (fr)Résultats détaillés - Nord. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 11.10.2023.
- ↑ (lb)Christoph Hochard, Serie Nei Gesiichter an der Chamber (7): De Ben Polidori vun de Piraten am Portrait. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-11-06.
- ↑ "Den Deputéierte Ben Polidori verléisst d'Piratepartei." 100komma7.lu, 15.07.2024.
- ↑ 11,0 11,1 11,2 (en)Ben Polidori - Player profile. www.transfermarkt.com. Gekuckt de(n) 2023-11-06.