Bhumibol Adulyadej
De Bhumibol Adulyadej de Groussen (Rama IX.); thailännesch: ภูมิพลอดุลยเดช, (Phumiphon Adunyadet; [pʰuːmípʰon ʔàdunjádèːt]), gebuer de 5. Dezember 1927 zu Cambridge am Massachusetts, a gestuerwen den 13. Oktober 2016 zu Bangkok[1], war vum 9. Juni 1946 bis zu sengem Doud Kinnek vun Thailand. Hie war den néngte Kinnek vun der Chakri-Dynastie, den Neveu vum Prajadhipok (Rama VII.) an de klenge Brudder vum Ananda Mahidol (Rama VIII.).
Bhumibol Adulyadej | |
---|---|
Gebuertsnumm | Bhumibala Aduladeja, ภูมิพลอดุลเดช |
Gebuer | 5. Dezember 1927 |
Gestuerwen | 13. Oktober 2016 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Thailand |
Educatioun | Universitéit vu Lausanne |
Aktivitéit | Staatsmann, Politiker, Ingenieur, Saxophonist, Komponist, Jazzmuseker, Monarch, Offizéier, Schrëftsteller, Moler, Enseignant, Segler, Ëmweltaktivist, Assistant social, Fotograf |
Famill | |
Kanner | Maha Vajiralongkorn |
Dem Bhumibol Adulyadej seng Eltere waren de Prënz Mahidol Adulyadej, Fürst vu Songkhla, a seng Fra Mom Sangwal, déi spéiderhin den Numm Srinagarindra krut. Wéi säi Monni Prajadhipok 1935 ofgedankt huet, ouni Kanner ze hunn, gouf dem Bhumibol säi Brudder Ananda Kinnek. Dëse gouf den 9. Juni 1946 erschoss opfonnt, an de Bhumibol gouf neie Kinnek. Hien huet awer fir d'éischt seng Ausbildung an der Schwäiz ofgeschloss, sou laang war säi Monni Regent. 1950 huet hie sech mat der Mom Rajawongse Sirikit Kitiyakara bestuet.
Kuerz virdrun, de 5. Mee 1950 gouf hien am Grousse Palais zu Bangkok gekréint.
D'Koppel krut 4 Kanner: d'Prinzessin Ubol Ratana, de Kinnek Maha Vajiralongkorn, d'Prinzessin Maha Chakri Sirindhorn an d'Prinzessin Chulabhorn Walailak.
Hie war mat senger Fra vum 17. bis den 19. Oktober 1960 op offizieller Staatsvisitt zu Lëtzebuerg.
Literatur
änneren- Paul M. Handley: The King Never Smiles. A Biography of Thailand's Bhumibol Adulyadej. Yale University Press, New Haven 2006, ISBN 0-300-10682-3.
- Nicholas Grossman, Dominic Faulder (Hrsg.): King Bhumibol Adulyadej – A Life's Work. Thailand's Monarchy in Perspective. Éditions Didier Millet, Singapur 2012, ISBN 978-981-4260-56-5.
Um Spaweck
ännerenCommons: Rama IX. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Jörg Auf dem Hövel: Der Monarch, das Militär, die Demokratie. In: Telepolis. 20. September 2006.
- Paul Handley: Der Letzte seiner Art. In: Zeit Online. 16. April 2009.
Referenzen
änneren- ↑ Thailands König Bhumibol ist tot. Spiegel Online; spiegel.de