Chamberwale vum 13. Juni 1999
Bei de Chamberwale vum 13. Juni 1999 zu Lëtzebuerg goufe 60 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.
D'Chamberwale waren de selwechten Dag wéi och d'Wale fir d'Europäescht Parlament.
Resultater
ännerenPartei | % | Sëtz | Differenz | |
---|---|---|---|---|
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei | 30,1 | 19 | -2 | |
Demokratesch Partei | 22,4 | 15 | +3 | |
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei | 22,3 | 13 | -4 | |
Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet | 11,3 | 7 | +2 | |
Déi Gréng | 9,1 | 5 | +-0 | |
Déi Lénk | 3,3 | 1 | +1 | |
Gréng a Liberal Allianz | 1,1 | 0 | - | |
De Steierzueler | 0,4 | 0 | - | |
Partei vum Drëtten Alter | 0,1 | 0 | - |
D'CSV an d'LSAP, déi bis dohin an der Regierung waren, hunn 2, respektiv 4 Sëtz verluer. D'DP konnt der 3 bäigewannen, an d'ADR der 2. Och Déi Lénk kruten 1 Sëtz. D'Gréng a Liberal Allianz, De Steierzueler an d'Partei vum Drëtten Alter, déi fir d'éischt kandidéiert haten, kruten net genuch Stëmme fir e Sëtz.
Op Grond vum Walresultat koum et bei der Regierungsbildung zu enger anerer Koalitioun wéi déi an den dräi Legislaturperiode virdrun: De Jean-Claude Juncker gouf de 7. August zum Regierungschef vun enger CSV-DP Regierung vereedegt, der Regierung Juncker-Polfer.
Gewielt Deputéiert
ännerenD'Chamber huet sech aus follgenden Deputéiert zesummegesat:[1]
- Jean Asselborn
- François Bausch
- Simone Beissel
- Jeannot Belling
- (Eugène Berger)*
- Xavier Bettel
- Niki Bettendorf
- (François Biltgen)*
- (Fernand Boden)*
- Alex Bodry
- Willy Bourg; gëtt no sengem Doud, den 21. Februar 2003, den 11. Mäerz vum Marcel Sauber ersat
- (Anne Brasseur)*
- Emile Calmes
- Lucien Clement
- Jean Colombera
- Mady Delvaux-Stehres
- Mars Di Bartolomeo
- Agny Durdu
- Lydie Err
- Ben Fayot
- (Marc Fischbach)*
- (Luc Frieden)*
- Robert Garcia; gëtt no sengem Récktrëtt, den 21. Oktober 2003, vun der Dagmar Reuter-Angelsberg ersat
- Gast Gibéryen
- Camille Gira
- Marcel Glesener
- (Charles Goerens)*
- Gusty Graas
- Fernand Greisen
- (Henri Grethen)*
- Jean-Marie Halsdorf
- Norbert Haupert
- Paul Helminger
- Jacques-Yves Henckes
- (Erna Hennicot-Schoepges)*
- André Hoffmann; gëtt no sengem Récktrëtt, de 4. Juli 2000 vum Aloyse Bisdorff ersat; dëse gëtt, no sengem Récktrëtt, den 2. Juli 2002 vum Serge Urbany ersat
- Jean Huss
- (Marie-Josée Jacobs)*
- Aly Jaerling
- (Jean-Claude Juncker)*
- Ady Jung; gëtt no senger Nominatioun an de Staatsrot, den 3. Juni 2003 vun der Nancy Arendt ersat
- Jean-Pierre Klein
- Jean-Pierre Koepp
- Jeannot Krecké
- Alexandre Krieps
- Nico Loes
- Astrid Lulling; gëtt, nodeem s'op hiert Mandat verzicht huet, fir Member vum Europäesche Parlament ze ginn, den 12. Oktober 1999 vum Patrick Santerersat
- Lucien Lux
- Robert Mehlen
- Claude Meisch
- Paul-Henri Meyers
- Marie-Josée Meyers-Frank
- Laurent Mosar
- Lydia Mutsch
- Maggy Nagel
- (Lydie Polfer)*
- Jean-Paul Rippinger
- (Joseph Schaack)*
- Marco Schank
- Jos Scheuer
- Marco Schroell
- John Schummer
- Jean Spautz
- Nelly Stein
- Théo Stendebach
- Nicolas Strotz
- Fred Sunnen
- Alphonse Theis; gëtt no sengem Doud, de 17. November 1999, den 30. November vun der Ferny Nicklaus-Faber ersat
- Renée Wagener
- (Carlo Wagner)*
- Lucien Weiler
- Claude Wiseler
- Georges Wohlfart
- (Michel Wolter)*
- Marc Zanussi
*) Goufen direkt gewielt, ma hunn de 7. August 1999 op hiert Amt verzicht fir Member vun der Regierung ze ginn.
Literatur
änneren- Steve Bissen: "Die Liberalen auf der Überholspur." wort.lu, 30.08.2018.
Referenzen
änneren- ↑ "La composition de la Chambre des Députés depuis 1944." In: Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.64.