Didier Lockwood
Den Didier Lockwood, gebuer den 11. Februar 1956 zu Calais, a gestuerwen den 18. Februar 2018 zu Paräis, war e franséischen Jazz-Violonist a Komponist.
Didier Lockwood | |
---|---|
Gebuertsnumm | Didier André Paul Lockwood |
Pseudonym | Didier Lecoude, Stöth Malawëlëkaahm |
Gebuer |
11. Februar 1956 Calais |
Gestuerwen |
18. Februar 2018 18. Arrondissement |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École Normale de Musique de Paris |
Aktivitéit | Komponist, Violonist, Jazzmuseker, Filmkomponist |
Famill | |
Bestuet mat | Caroline Casadesus |
Kanner | Mathilde Lockwood |
De Lockwood huet eng 30 Albume publizéiert a bal 4500 Concerte ginn. Hien huet a Bands wéi Surya a Magma matgespillt, souwéi mat Dosende vun aneren Jazz-Museker a -formatiounen, wéi den Dave Brubeck, de Billy Cobham, de Stéphane Grappelli, de Miles Davis, de Michel Petrucciani, den Herbie Hancock, oder de Mike Stern.
A senge leschte Joren huet hien och als Komponist geschafft: de Concert fir Gei Les Mouettes, eng Jazz-Oper Journal d'un Usager de l'Espace II, e Pianosconcert, nach e Concert fir Gei fir de Maxim Wengerow, an d'Oper Libertad.