Émile Salentiny
Ettelbrécker Notaire a Politiker
(Virugeleet vu(n) Emil Salentiny)
Den Émile Ernest Salentiny[1], gebuer den 29. Abrëll 1840 zu Ettelbréck[2] an do gestuerwen de 5. Abrëll 1905, war e lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.[3]
Émile Salentiny | |
---|---|
Gebuer |
29. Abrëll 1840 Ettelbréck |
Gestuerwen |
5. Abrëll 1905 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Nottär |
Famill | |
Kanner | Thérèse Salentiny |
De 27. Juni 1888 gouf den Émile Salentiny Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck[4], no deem de Gustave de Marie seng Demissioun ginn hat. Hien ass bis zu sengem Doud Buergermeeschter bliwwen.
Den 10. Mee 1892 gouf den Émile Salentiny als Deputéierten an d'Chamber gewielt.[5] Den Émile Salentiny ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen.
Hie war de Schwéierpapp vum Joseph Neuman.
Gielchen
änneren- Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1904)[6]
Referenzen
änneren- ↑ oder och Emil, jee nodeem watereng Sprooch an de Medien oder am Mémorial gebraucht gouf
- ↑ Émile Salentiny op www.deltgen.com
- ↑ Biographie vum Emil Salentiny [sic] am Luxemburger Wort vum 6. Abrëll 1905
- ↑ Memorial N°37 vun 1888 mat der Nominatioun vum Émile Salentiny als Buergermeeschter vun Ettelbréck
- ↑ Kurzgefasster Kammerbericht am Luxemburger Wort vum 13. Mee 1892
- ↑ Memorial N°50 vun 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen.