Gare Keel

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Keel ass eng Gare op der CFL-Linn 6c tëscht der Gare Näerzeng an der Gare Téiteng vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Keel

Streck 6c
PK 7,045
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Keel
Gemeng Keel
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 29’ 08’’ N
      6° 02’ 06’’ O
Websäit CFL.lu

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng.

D'Gare vu Keel huet e gratis Park & Rail-Parking mat spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

Haut huet d'Keeler Gare keen CFL-Büro méi. D'CFL huet d'Gebai fir de symbolesche Frang der Gemeng verlount.

An der Gare hu verschidde Veräiner hire Sëtz:

  • de Syndicat d'Initiative Kayl Tétange SITCK
  • de Foyer de la Femme Kayl
  • den Aarbechterënnerstëtzungsveräin Käl
  • d'Amis de la Fleur

Zich déi an der Gare halen

änneren
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Näerzeng Näerzeng   RB
CFL-Linn 6c 
  Téiteng Rëmeleng
Lëtzebuerg Näerzeng   RB
CFL-Linn 6c 
  Téiteng Rëmeleng

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Gare Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien
  NODES