Gemeng Wëntger

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Klierf
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Gemeng am Kanton Klierf. Fir déi däitsch Stad an der Verbandsgemeng Saarburg, kuckt wgl. Wëncher.

D'Gemeng Wëntger ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Klierf. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Wëntger vun där se och hiren Numm huet.

Gemeng Wëntger
Märei vu Wëntger
An anere Sproochen fr: Wincrange
de: Wintger
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Klierf
Chef-lieu Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Awunner 4.916
  1. Januar 2024
Fläch 111,36 km²
Héicht 490 m
Koordinaten 50° 03’ 12’’ N
      05° 54’ 52’’ O
LAU-Code LU0502
Websäit https://wincrange.lu

Geographie

änneren

Am Nord-Weste vum Éislek op engem Plateau tëscht 450 a 523 m am Kanton Klierf läit d'Gemeng Wëntger mat 27 Dierfer. Mat enger Fläch vun 113,68 km², ass se flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Grand-Duché. D'Gemeng grenzt am Norden un Ëlwen, am Nord-Osten u Wäiswampech, am Osten u Klierf am Süden u Wanseler a Wolz an am Westen un d'Belsch.

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng[1]

änneren

Geschicht

änneren

D'Gemeng Wëntger ass den 1. Januar 1978 aus der Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen[2]. Déi éischt 3 vun dëse Gemenge louchen am Klierfer Kanton, Uewerwampech huet zum Wëlzer Kanton gehéiert; déi nei Fusiounsgemeng gehéiert zum Kanton Klierf.

Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.

D'Uertschaft Wëntger huet virun der Fusioun zur Gemeng Béigen gehéiert.

Odonymie

änneren

De 25. Februar 2019 kruten d'Stroossen an allen Dierfer vun der Gemeng Wëntger, als lescht am Land, offiziell Odonymmen. Virdrun hat all Haus nëmmen eng Nummer[3]. D'Nimm vun de Stroosse sinn all op Lëtzebuergesch an et gouf op déi lokal Aussprooch opgepasst. Sou heescht z. B. d'Haaptstrooss zu Kréindel an Hannerhaassel „Duarrefstrooss“ iwwerdeems et zu Helzen an Houfelt „Duärrefstrooss“ ass[4].

Entwécklung vun der Awunnerzuel

änneren

Quell:STATEC

  Beschreiwung am Originaltext:

d'or à la colonne à perron surmontée d'une globe sommé d'une croix, le tout de sable, au chef de gueules au cor contourné d'or accosté de deux fleurs de lis d'argent
D.C. 30. Juli 1982 - A.M. 23. August 1982 - Mémorial B 1982, Säit 840 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1982

Politik

änneren

De Gemengerot vun der Gemeng Wëntger gëtt nom Proporzsystem gewielt. E besteet aus 11 Conseilleren.

Zesummesetzung
D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Joer ADR CSV DP LSAP
2005 1 5 4 1
2011 1 5 2 3
2017 1 4 2 4
2023 1 4 2 4

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

änneren
  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal Syndikater

änneren

D'Gemeng Wëntger ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Bekannt Leit aus der Gemeng

änneren

Kuckeswäertes an der Gemeng

änneren
 
Bauerenhaff mat Kapell zu Weiler

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Wëntger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. (fr)Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach. legilux.public.lu (01.12.1977). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  3. "Gemeinde führt erstmals Straßennamen ein." wort.lu, 17.02.209.
  4. (fr)Registre national des adresses. Administration du cadastre et de la topographie. Gekuckt de(n) 21.07.2020.
  NODES
mac 1
os 10
text 3
web 3