Istanbul (Film 1985)
Istanbul ass e Film vum belsche Filmregisseur Marc Didden aus dem Joer 1985.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Belsch |
Première | 1985 |
Dauer | 91 min |
Format | 35mm |
Originalsprooch |
Hollännesch Englesch Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Marc Didden |
Dréibuch | Marc Didden |
Fotografie | Willy Stassen |
Musek | Eric Andersen |
Schnëtt | Ludo Troch |
Produzent |
Alain Keytsman Erwin Provoost |
Schauspiller | |
Brad Dourif als Martin Klamski Dominique Deruddere als Willy Ingrid De Vos als Beatrice Senne Rouffaer als Albert François Beukelaers als Joseph | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Martin Klamski ass e staatelosen Refugié um Wee fir op Istanbul. Direkt no senger Arrivée zu Oostend begéint hien de Student Willy an engem Café. Zesummen entschléisse si sech mat Autostopp zesummen op Istanbul ze goen. Op hirer Rees duerch d'Belsch gi si Frënn, mee déi Frëndschaft gëtt op d'Kopp geheit wéi de Willy en Zeitungsartikel a sou dem Klamski seng reell Identitéit entdeckt. Um Wee begéine si dem Joseph, engem komeschen an trauregen Autosverkeefer, dee vu senger Fra verlooss gouf. Si huet hir gemeinsam Duechter Corinne matgeholl, an de Klamski an de Willy kidnappen d'Kand a bréngen et am Optrag vum Papp op Lëtzebuerg. Fir déi Dot kréie si d'Suen, mat deene si op Istanbul ginn.[1]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Presentatioun vum Film op eyeworksfilm.be