Jean Simmons

brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin

D'Jean Merilyn Simmons, gebuer den 31. Januar 1929 zu London, a gestuerwen den 22. Januar 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war eng brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.

Jean Simmons
Gebuertsnumm Jean Merilyn Simmons
Gebuer 31. Januar 1929
London
Gestuerwen 22. Januar 2010
Santa Monica
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, USA
Educatioun Aida Foster stage school
Aktivitéit Filmschauspiller, Kannerschauspiller, Dänzer, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Stewart Granger, Richard Brooks

Als jonkt Meedchen huet d'Jean Simmons a Kiss the Bride Goodbye, Caesar and Cleopatra a Great Expectations matgespillt. 1950 ass si an Amerika ausgewandert, wou se de Stewart Granger kennegeléiert a méi spéit bestuet huet. Hien huet hir e Kontrakt vun zwee Joer beim Howard Hughes senger Filmproduktiounsgesellschaft verschaaft. Mat hirer Roll vun enger Mäerderin an Angel Face 1952 hat d'Jean Simon den Duerchbroch beim grousse Public. Duerno huet se mam Marlon Brando ënner der Regie vum Henry Koster d'Titelroll an Désirée gespillt. Et koume Rollen a Guys and Dolls (1955), Home before dark (1958) a Spartacus (1960). Am selwechte Joer huet si sech vum Stewart Granger scheede gelooss.

Méi spéit huet si sech mam Regisseur Richard Brooks bestuet, mat deem se eng Duechter hat. An den 1980er Joren hat se Succès an hirer Roll an der Televisiounsserie The Thorn Birds (de: Dornenvögel).

Filmographie (Auswiel)

änneren

Televisioun

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Jean Simmons – Biller, Videoen oder Audiodateien
  NODES