Joseph Namur

lëtzebuergeschen Apdikter

De Joseph (Jos) Pierre François Namur, gebuer zu Iechternach de 15. Juni 1823, a gestuerwen och do de 24. Februar 1892, war en Apdikter zu Iechternach, deen awer haaptsächlech als Professer am Iechternacher Kolléisch (vun 1848 bis 1887), subsidiär och an der Iechternacher Akerbauschoul (vun 1856 bis 1868), geschafft huet. Hien huet Agronomie an Naturwëssenschaften (Botanik, Zoologie, Chimie, Physik), zum Schluss och Däitsch enseignéiert.

Joseph Namur
Gebuer 15. Juni 1823
Iechternach
Gestuerwen 24. Februar 1892
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Apdikter, Lycéesprofesser
Member vun Section historique vum Institut grand-ducal
Famill
Papp Jean-Pierre Namur
Kanner Joseph Charles Namur

De Jos Namur hat vun 1845 bis 1846 beim Justus Liebig zu Gießen studéiert. Hien ass ee vun deenen zwéi lëtzebuergesche Schüler vum Liebig; deen aneren ass de Karl Stammer.

D'Apdikt, d'Pharmacie du Cerf, huet hien nëmmen eng kuerz Zäit, vun 1875 bis 1876, geleet, an zwar nom Doud vu sengem Papp, dem Jean-Pierre Namur, bis datt säi Bouf, de Léon Namur, d'Offizin iwwerhuele konnt. Dem Namur säin eelste Fils, de Joseph Charles Namur, war och Apdikter, an zwar an der Stad, wou hien zanter 1875 seng eegen Apdikt hat.

De Jos Namur war vun 1858-1881 Schoulinspekter vum Kanton Iechternach. Hie war Member am Verwaltungsrot vun der Eisebunnsgesellschaft Prënz Hari, Member vum Iechternacher Gemengerot vun 1870 bis 1875, a Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal. 1886 huet de J. Namur eng Method fir d'Rieflaus ze bekämpfen entwéckelt a patentéiere gelooss. Hien hat selwer Wéngerten déi Säit der Sauer, an der Mënnerlei, tëscht Iechternacherbréck a Mënnen.

De Jos Namur huet eng ganz Rei vu wëssenschaftlechen, awer och vun anere Publikatioune verfaasst.

Publikatioune vum J. Namur (Auswiel)

änneren
  • 1853: Analyse chimique de plusieurs sources de la ville d'Echternach et de ses environs. Programme du Progymnase d'Echternach 1852-1853: 1-20.
  • 1862: Les produits minéraux des contrées de la Sûre inférieure. Programme de l'Ecole moyenne et industrielle r. g.-d. d'Echternach, 1861-1862: 1-13.
  • 1865: Carrières de la Sûre inférieure concédées à M. Guyot. Rapport de Mr. J. Namur. (Septembre 1865). Bruxelles, Impr. E. Guyot, 17 p., 3 pl., 1 carte topographique.
  • 1869: Le chemin de fer de la Sûre ou La ligne des carrières. Luxembourg, V. Buck, 27 p., 1 carte.
  • 1885: Analyse chimique des gypses ou plâtres du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg, P. Bruck, 30 p.
  • 1887: Zur Cultur der Weinberge an der Mosel. Annalen des Acker- und Gartenbau-Vereins des Großherzogthums Luxemburg, 36: 250-251, 260-261, 275-276, 283-285, 290-291, 317-318, 341-342, 349-351.

Literatur

änneren
  • Massard, J.A. (1992): Der Luxemburger Liebig-Schüler Joseph Namur, Apotheker und Professor in Echternach. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul: 481-558.
  • Massard, J.A. (1988): Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 220f. (kuckt och: S. 33-37).
  • Massard, J. A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Impr. St Paul, S. 465-480.
  • Massard, J.A. (1997): Vom Ernzerberg, dem Echternacher Liebig-Schüler Jos Namur und einem bösen Buben. Heimatkalender 1998 Landkreis Bitburg-Prüm: 110-117.
  • Massard, J.A. & G. Geimer (1997): Les cahiers de notes des cours de chimie de Liebig (1845) et de Bunsen (1874/75) ainsi que du cours de physique expérimentale de Kirchhoff (1874/75) conservés dans une famille de pharmaciens d'Echternach (G.-D. de Luxembourg). In: Opsomer, C. (ed.): XXth International Congress of History of Sciences, Liège (Belgium), 20-26 July 1997: Book of Abstracts, Scientific Sections. Liège, Centre d'Histoire des Sciences et des Techniques, Université de Liège: 287. PDF 1,3 Mo
  • Massard, J.A. (2007): Vor hundert Jahren: Die Reblaus ist da ! Ein ungebetener Gast aus Amerika bringt den Luxemburger Weinbau in Gefahr. Lëtzebuerger Journal 2007, Nr. 143 (27. Jul.): 19-21. PDF 3 Mo
  • Massard, J.A. & H.M. Bröhl (2008): Die Reblaus und der Grenzverkehr im Echternacher Raum. Heimatkalender 2009 Eifelkreis Bitburg-Prüm: 122-128.
  • Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1129.
  NODES
Intern 1
mac 2
Note 1
os 15
text 2