Keelkapp
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Keelkapp (Larynx) ass en Deel vum Hals vum Mënsch an den anere Wierbeldéieren an zielt zu den ieweschten Otemweeër am Ootmungsapparat.
De Keelkapp ass fir d'Stëmmbildung (Phonatioun) verantwortlech, e schützt d'Stëmmbänner (déi an em leien) grad ewéi den Agang an d'Luftröre a verhënnert, datt Deeler vu Liewensmëttel oder Flëssegkeete beim Schlécken an d'Longe kommen. E besteet aus engem komplexe Knorpelskelett zesumme mat Membranen, Bänner a Muskelen. Déi extrinsesch Muskelen hänken de Keelkapp op den Nopeschstrukturen op a se kënnen de komplette Keelkapp beweegen, iwwerdeems déi intrinsesch Muskelen op d'Spane vun de Stëmmbänner agräifen an esou d'Phonatioun erméiglechen.
D'Vullen hunn och e Keelkapp, awer ouni Stëmmbänner an ouni Keeldeckel (Epiglottis); fir hir Stëmmbildung ass de „Stëmmkapp“ oder „ënneschte Keelkapp“ (Syrinx) verantwortlech.
Klinesches
ännerenEng Entzündung vum Keelkapp gëtt als Laryngite bezeechent; se kann z. B. duerch eng Infektioun vun den Otemweeër optrieden.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Keelkapp – Biller, Videoen oder Audiodateien |