Laura Schroeder
lëtzebuergesch Filmregisseurin
D'Laura Schroeder, gebuer de 7. Juni 1980 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Filmregisseurin.
Laura Schroeder | |
---|---|
Gebuer |
7. Juni 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Regisseur |
Si huet 2003 op der Sorbonne zu Paräis eng Maîtrise a Filmkonscht gemaach an 2006 e Postgraduéierten-Studiegank an der Regie vu Fiktioun op der National Film and Television School zu London mat engem Diplom ofgeschloss. Niewelaanscht huet si Coursen am Schauspill a Script-writing gemaach a war Assistentin vu Regisseure wéi Peter Greenaway, Frank van Passel, Max Jacoby a Jean-Claude Schlim.
Wierk
ännerenLaangfilmer
änneren- Maret, 2023
- Barrage, 2017
- D'Schatzritter an d'Geheimnis vum Melusina, 2012
Kuerzfilmer
änneren- Double Saut, 2011
- Senteurs, 2008
- Vrai Bavardage, (Museksvideo), 2007
- Unto this last, 2006
- de pommes, 2005
Dokumentarfilmer
änneren- Brain Is Cool, 2019
- Verwëschte Grenzen, 2015
Theaterstécker
änneren- Das Ding aus dem Meer, Théâtres de la Ville, Luxembourg, 2016
- Luxtime - Jacques Tati revisited, Théâtre national du Luxembourg, 2009
Um Spaweck
änneren- www.lauraschroeder.net - hir Websäit.
- www.imdb.com d'Laura Schroeder op der IMDb
- Silence! On tourne Portrait am Land vum 2. Oktober 2009