Le Retour de Martin Guerre
Le Retour de Martin Guerre ass en franséische Spillfilm, deen 1982 vum Daniel Vigne no engem Dréibuch vum Jean-Claude Carrière an him selwer gedréint gouf. De Film baséiert op historesche Faiten, déi a Frankräich an der Mëtt vum 16. Joerhonnert geschitt sinn.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Frankrâich |
Produktiounsjoer | 1982 |
Première | 1983 |
Dauer | 122 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Daniel Vigne |
Dréibuch | Jean-Claude Carrière, Daniel Vigne |
Fotografie | André Neau |
Musek | Michel Portal |
Schnëtt | Denise de Casabianca |
Produzent |
Daniel Vigne fir Dussault, France 3 a Société Française de Production |
Schauspiller | |
Gérard Depardieu als Arnaud de Tihl Nathalie Baye als Bertrande de Rols Maurice Barrier als Pierre Guerre Bernard-Pierre Donnadieu als Martin Guerre Rose Thiéry als Raimonde de Rols Chantal Deruaz als Jeanne Maurice Jacquemeont als Riichter Rieux Roger Planchon als Jean de Coras Philippe Babin als Jacques Stéphane Pean als jonke Martin Guerre Sylvie Méda: als jonkt Bertrande de Rols | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenZu Artigat, engem klenge franséischen Duerf, daucht enges Daags ee Mann op, dee behaapt hie wier de Martin Guerre, deen 8 Joer virdrun vun do fortgaangen ass. D'ganzt Duerf, och d'Fra vum Marin Guerre, erkennen en erëm an huelen de Mann bei sech op. E puer Joer drop dauchen éischt Zweiwelen op un der Identitéit vum Mann, wéi Zaldoten, déi op der Duerchrees waren, behaapten, et wier net de Martin, mä e gewëesen Artuad, e Frënd vun him. Dee richtege Martin Guerre hätt e Been amputéiert kritt...
Soss
änneren1993 koum en US-amerikanesche Remake eraus mam Titel Sommersby mam Richard Gere a mat der Jodie Foster an den Haaptrollen. Et gëtt och e Musical, dat sech un der Geschicht vum Martin Guerre inspiréiert.