Marie-Claude Beaud
D'Marie-Claude Beaud, gebuer den 22. Februar 1946 zu Besançon, a gestuerwen den 29. Dezember 2024 zu Toulon[1][2], war eng Ausstellungskommissärin an Direktesch vu Kulturinstitutiounen.
Marie-Claude Beaud | |
---|---|
Gebuer |
22. Februar 1946 Besançon |
Gestuerwen |
29. Dezember 2024 Toulon |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Ausstellungscommisaire, Kurator |
Vun 1963-1968 huet si Konschtgeschicht an Archeologie studéiert. Duerno huet si op der Universitéit vu Besançon enseignéiert a war vun 1976 bis 1978 Assistent-Ausstellungskommissärin vum Musée vu Grenoble. Duerno war si am Musée vun Toulon agestallt. Tëscht 1994 an 1996 war si Generaldirektesch vum American Center zu Paräis. Duerno, bis 2000, war si Genraldirektesch vun de Muséeë vun der Union centrale des Arts décoratifs (an Direktesch vum Musée de la publicité).
Vun 2000 bis Enn 2008 war si Direktesch vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean (Mudam)
Si krut eng Nominatioun fir am Abrëll 2009 Direktesch vum Nouveau musée national de Monaco ze ginn.
Hiert Markenzeeche war, keng Oftrennungen z'akzeptéieren. Si huet Renconteren, Vermëschungen a Konfrontatiounen tëscht Konschtstiler, -richtungen a medien ënnerstëtzt.
Gielchen
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2012)[3]
- Chevalière de l'ordre des Arts et des Lettres
- Officier de l’ordre de mérite civil et militaire d’Adolphe de Nassau (2008)
- Commandeur de l’ordre du Mérite Culturel de Monaco (2021)
- Chevalière de la Légion d'honneur (2015)
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ (lb)RIP: D'Marie-Claude Beaud ass dout. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 29.12.2024.
- ↑ "L’ancienne directrice du Mudam, Marie-Claude Beaud, est décédée." lequotidien.lu, 30.12.2024.
- ↑ Distinction honorifique pour Madame Marie-Claude Beaud, ancienne directrice du Musée d'Art moderne Grand-Duc Jean