Mount Stealth
Mount Stealth ass eng lëtzebuergesch instrumental Rockband.
Mount Stealth | |
---|---|
Museksgenre | Instrumentalen Indie Rock, Math Rock |
Land | Lëtzebuerg |
Grënnung | 2010 |
Websäit | www.mountstealth.com |
Memberen |
Claudio "Pi" Pianini (Bass, Gittar) David André (Gittar, Keyboard) Max Nilles (Batterie) Paul Bradshaw (Gittar, Bass) |
Bandgeschicht
ännerenDe Max Nilles an den David Andre hunn am Summer 2010 no der Trennung vun hirer Band Miaow Miaow mam Pi (Claudio Pianini) vu Mutiny on the Bounty a mam Paul Bradshaw vu La Fa Connected d'Grupp Mount Stealth zu Esch-Uelzecht gegrënnt. Si hat hiren éischte Concert den 30. Juli 2011.
Am Februar hu si e Video vum Lidd Azymuth publizéiert.[1] Den 11. Mee 2012 ass hir EP um Label Chez Kito Kat verëffentlecht ginn. De Release war am EXIT07 an der Stad Lëtzebuerg. Am selwechte Mount huet de Fränk Desiront e Video fir d'Lidd Vices produzéiert.[2]
Mount Stealth sinn 2012 um Food for Your Senses, um Mess for Masses an um Rock um Knuedler opgetrueden. Si hunn ënner anerem och zu Metz, Paräis a Prag gespillt.
Discographie
ännerenEP
änneren- 2012: Mount Stealth EP
- 2015: Mount Stealth EP2
- 2018: Mount Stealth EP3