Provënzen an Territoirë vu Kanada
Kanada ass ee Bundesstaat, dee sech aus zéng Provënzen an dräi Territoiren zesummesetzt.
D'Provënze si relativ autonom géigeniwwer der Bundesregierung. Eng Provënz kann nëmmen duerch eng Verfassungsännerung geschaf ginn. Territoire sinn déi Deeler vum Bundesstaat Kanada, déi net zu enger Provënz gehéieren. En Territoire huet manner Kompetenze wéi eng Provënz a kann duerch en einfacht federaalt Gesetz geschaf ginn.
Kanada ass 1867 nom Zesummeleeë vun dräi Provënze vum britteschen Nordamerika als Land ervirgaang: New Brunswick, Nova Scotia an d'Province of Canada (déi spéider an Ontario a Québec gespléckt gouf). Progressiv sinn déi aner Provënzen an Territoiren derbäikomm an och Deel vu Kanada ginn.
Iwwersiichtskaart
ännerenProvënzen
ännerenFändel | Wopen | Provënz | Postcode | Haaptstad | Gréisst Stad (Awunner) |
Deel vun der Confederatioun ginn |
Bevëlkerung (Juli 2014) |
Fläch: Land (km2) |
Fläch: Waasser (km2) |
Fläch: Total (km2) |
Offiziell Sprooch(en) |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Ontario | ON | Toronto | Toronto | 1. Juli 1867 | 13.678.700 | 917.741 | 158.654 | 1.076.395 | Englesch | ||
Québec | QC | Québec | Montréal | 1. Juli 1867 | 8.214.700 | 1.356.128 | 185.928 | 1.542.056 | Franséisch | ||
Nova Scotia | NS | Halifax | Halifax | 1. Juli 1867 | 942.700 | 53.338 | 1.946 | 55.284 | Englesch | ||
New Brunswick | NB | Fredericton | Saint John | 1. Juli 1867 | 753.900 | 71.450 | 1.458 | 72.908 | Englesch a Franséisch | ||
Manitoba | MB | Winnipeg | Winnipeg | 15. Juli 1870 | 1.282.000 | 553.556 | 94.241 | 647.797 | Englesch | ||
British Columbia | BC | Victoria | Vancouver | 20. Juli 1871 | 4.631.300 | 925.186 | 19.549 | 944.735 | Englesch | ||
Prince Edward Island | PE | Charlottetown | Charlottetown | 1. Juli 1873 | 146.300 | 5.660 | 0 | 5.660 | Englesch | ||
Saskatchewan | SK | Regina | Saskatoon | 1. September 1905 | 1.125.400 | 591.670 | 59.366 | 651.036 | Englesch | ||
Alberta | AB | Edmonton | Calgary | 1. September 1905 | 4.121.700 | 642.317 | 19.531 | 661.848 | Englesch | ||
Neifundland a Labrador | NL | St. John's | St. John's | 31. Mäerz 1949 | 527,000 | 373,872 | 31,340 | 405,212 | Englesch | ||
Total | 35.423.700 | 5.490.918 | 572.013 | 6.062.931 | — |
Territoiren
ännerenFändel | Wopen | Territoire | Postcode | Haaptstad a gréisst Stad | Deel vun der Confederatioun ginn |
Bevëlkerung (Juli 2014) |
Fläch: Land (km2) |
Fläch: Waasser (km2) |
Fläch: Total (km2) |
Offiziell Sprooch(en) |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Nordwest-Territoiren | NT | Yellowknife | 15. Juli 1870 | 41.462 | 1.183.085 | 163.021 | 1.346.106 | Chipewyan, Cree, Englesch, Franséisch, Gwich’in, Inuinnaqtun, Inuktitut, Inuvialuktun, North Slavey, South Slavey, Tłįchǫ | ||
Yukon | YT | Whitehorse | 13. Juni 1898 | 33.897 | 474.391 | 8.052 | 482.443 | Englesch, Franséisch | ||
Nunavut | NU | Iqaluit | 1. Abrëll 1999 | 31.906 | 1.936.113 | 157.077 | 2.093.190 | Inuinnaqtun, Inuktitut, Englesch, Franséisch | ||
Total | 107.265 | 3.593.589 | 328.150 | 3.921.739 | — |
Um Spaweck
ännerenCommons: Provënzen an Territoirë vu Kanada – Biller, Videoen oder Audiodateien |