René Hoffmann (1942)
lëtzebuergesche Sportler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller René Hoffmann (1942-2019). Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. René Hoffmann. |
De René Hoffmann, gebuer zu Esch-Uelzecht de 4. Juli 1942, an och do gestuerwen de 6. November 2019,[1],[2] war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Trainer.
René Hoffmann | |
---|---|
Gebuer |
4. Juli 1942 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
6. November 2019 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Veräin/Ekipp |
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, Jeunesse Esch |
De René Hoffmann war an den 1960er an 1970er Jore Stammspiller vun der Jeunesse Esch an hie war do Golkipp. Hie war zu senger Zäit ee vun de ganz bekannte Golkippen, an hat vum Real Madrid eng Plaz als Golkipp offréiert kritt, déi hien awer net ugeholl huet.
Tëscht dem 11. Mee 1961 am 15. Oktober 1975 stoung hie 35-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[3] No senger aktiver Carrière war hien nach jorelaang Golkippestrainer vun der Jeunesse a vun der Nationalekipp.[4]
Vun 1982 bis 1987 a vun 1989 bis 1991 war hien am Gemengerot vun Esch-Uelzecht.
Referenzen
änneren- ↑ (de)René Hoffmann ist tot. Wort.lu (2019-11-06). Gekuckt de(n) 2019-11-06.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 8. Nov. 2019 op gedenken.lu
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum René Hoffmann op der Websäit vun European Football
- ↑ "René Hoffmann ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen." rtl.lu, 06.11.2019 16:58.