Thierry van Werveke
Den Thierry van Werveke, gebuer den 23. Oktober 1958 zu Genf an der Schwäiz, a gestuerwen den 11. Januar 2009 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
Thierry van Werveke | |
---|---|
Gebuer |
23. Oktober 1958 Genf |
Gestuerwen |
12. Januar 2009 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Sänger, Televisiounsschauspiller |
Säi Liewen
ännerenSeng éischt Filmerfarung huet den Thierry van Werveke 1982 am Andy Bausch sengem Kuerzfilm Stefan gemaach. Zanterhier huet en an alle Spillfilmer vum Bausch, meeschtens an der Haaptroll, matgespillt. Geschwë goufen aner Regisseuren op en opmierksam; hien huet a Filmer vum Paul Kieffer (Schacko Klak), Marc Olinger (De falschen Hond) a Pol Cruchten (Hochzäitsnuecht) matgespillt. Abracadabra vum Harry Cleven war säin éischte Film op Franséisch. Mat senger Roll als de Belsch Henk am Knockin' on Heaven's Door, deen e grousse Succès an Däitschland war, gouf hie beim däitsche Publikum bekannt.
Hien huet reegelméisseg an däitsche Filmer, an Televisiounsfilmer, respektiv -serië matgespillt. Fir seng Roll an Eine andere Liga krut hien 2008 den Adolf-Grimme-Preis.
Den Thierry van Werveke huet och reegelméisseg a Lëtzebuerger Theaterproduktioune matgespillt, dacks ënner der Regie vum Frank Hoffmann.
Och als Sänger vun de Gruppen Nazz Nazz, Taboola Rasa a Luxus hat hien en treit Publikum.
Dee leschte Film, an deem hien an enger Haaptroll ze gesi war, war inthierryview, deen den Andy Bausch als eng Zort réckbléckende Portrait an Hommage 2008 gedréint huet, nodeem bekannt gi war, datt den Thierry van Werveke schwéier krank wier.
Hien ass den 11. Januar 2009 am Alter vu 50 Joer gestuerwen.[1]
Den Til Schweiger huet dem Thierry van Werveke an der Barbara Rudnik posthum säi Film Zweiohrküken dedicasséiert.
Fir un hien z'erënnere gouf zu Diddeleng eng Plaz no him genannt, d'Place Thierry van Werveke.
Gielercher
änneren- 1988: Beschte männlechen Acteur fir seng Roll am Troublemaker um Filmfestival vu La Clusaz (Frankräich)
- 2003: Lëtzebuerger Filmpräis als bescht kënschtleresch Kontributioun fir seng Roll am Le Club des Chômeurs
- 2008: Adolf-Grimme-Preis fir Eine andere Liga (ZDF/Arte), zesumme mat der Regisseurin Buket Alakus, dem Auteur Jan Berger an de Schauspiller Karoline Herfurth a Ken Duken.[2]
Filmographie
änneren- Der Fürsorger, 2009, Regie: Lutz Konermann
- Lingo vino, 2009, Regie: Daniel Texter
- Räuberinnen, 2009, Regie: Carla Lia Monti
- Réfractaire, 2009, Regie: Nicolas Steil
- inthierryview, 2008, Regie: Andy Bausch
- Tausend Ozeane, 2008, Regie: Luki Frieden
- 1 ½ Ritter, 2008, Regie: Til Schweiger
- Luftbusiness, 2007, Regie: Dominique de Rivaz
- Freigesprochen, 2006, Regie: Peter Payer
- Deepfrozen, 2006, Regie: Andy Bausch
- Perl oder Pica, 2006, Regie: Pol Cruchten
- Tabula rasa, 2006, Regie: Alexander Eslam
- The last 50 hours of Frankie Blue, Kuerzfilm, 2006, Regie: Andy Bausch
- Bye Bye Blackbird, 2005, Regie: Robinson Savary
- Eine andere Liga, 2005, Regie: Buket Alakus
- Elegant, Kuerzfilm, 2004, Regie: Daniel Wiroth
- La Revanche, 2004, Regie: Andy Bausch
- Wolfzeit, 2002, Regie: Michael Haneke
- Elefantenherz, 2001, Regie: Züli Aladag
- Le Club des Chômeurs, 2001, Regie: Andy Bausch
- Eduard's Promise, Regie: Andreas Wunderlich
- Auf Herz und Nieren, 2000, Regie: Thomas Jahn
- Nach der Zeit, 2000, Regie: Lars Büchel
- Ein göttlicher Job, 2000, Regie: Thorsten Wettcke
- Electric theatre, Documentaire, 2000, Regie: Andy Bausch
- Jetzt oder nie, 2000, Regie: Lars Büchel
- Die 3 Posträuber, 1998, Regie: Andreas Prochaska
- Kai Rabe gegen die Vatikankiller, 1998, Regie: Thomas Jahn
- Der Eisbär, 1998, Regie: Til Schweiger
- Caipiranha, 1997, Regie: Felix Dünnemann
- Back in Trouble, 1997, Regie: Andy Bausch
- Knockin' on Heaven's Door, 1996, Regie: Thomas Jahn
- Alles nur Tarnung, 1995, Regie: Peter Zingler
- Hasenjagd, 1994, Regie: Andreas Gruber
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven, 1993, Regie: Andy Bausch
- Abracadabra, 1993, Regie: Harry Cleven
- Die Rebellion, 1992, Regie: Michael Haneke
- Hochzäitsnuecht, 1991, Regie: Pol Cruchten
- Dead Flowers, 1991, Regie: Peter Ily Huemer
- De falschen Hond, 1990, Regie: Marc Olinger
- Schacko Klak, 1990, Regie: Paul Kieffer
- Heartbreakhotel, 1990, Regie: Andy Bausch
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom, 1989, Regie: Andy Bausch
- Troublemaker, 1988, Regie: Andy Bausch
- Gwyncilla, Legend of Dark Ages, 1986, Regie: Andy Bausch
- Van Drosselstein, 1984, Regie: Andy Bausch
- ... der Däiwel, 1984, Regie: Andy Bausch
- Die letzte Nacht, 1983, Regie: Andy Bausch
- Cocaine Cowboy, 1983, Regie: Andy Bausch
- Lupowitz, 1982, Regie: Andy Bausch
- Stefan, 1982, Regie: Andy Bausch
Televisioun
änneren- Versailles, le rêve d'un roi, 2007, vum Thierry Bisinti
- Der Tag des Jägers, 2006, aus der Tatort-Serie, Regie: Niki Stein, den Th.v.W. spillt e Lécker Policepsycholog
- Nachtschicht: Der Ausbruch, Regie: Lars Becker
- Die Pathologin (Skin Deep), 2005, Regie: Jörg Lühdorff
- Alte Rechnungen, an der Roll vum Werner Mundt, 2005, Regie: Michael Schneider, aus der Serie SOKO Köln
- Sperling und die letzte Chance, an der Roll vum Baldwin Grawert, 2004, Regie: Thomas Jahn, aus der Serie Sperling (Tëlee)
- Ein krasser Deal (First Cut), 2003, Regie: Daniel Texter, W.-R. Kuhl, Christina Fürneisen
- Crazy Race, 2002, Regie: Michael Keusch
- Endspiel, 2001, Regie: Ciro Capellari, aus der Tatort-Serie, an der Roll vum Hänschen Schmidt, Platzwart FC Bremen, fir d'éischt gewisen den 20.5. 2002 op der ARD, dat war de 500. Tatort
- Schützlinge, 2002, Regie: Martin Eigler, aus der Tatort-Serie, an der Roll vum Erwin Balzer, fir d'éischt gewisen den 3.3. 2002
- Anwalt Abel: Der Voyeur, 2000, Regie: Fred Breinersdorfer
- Die Geiseln von Costa Rica, 1999, Regie: Uwe Janson
- Der Clown: Handyman, 1999, Regie: Michael Wenning
- Hamburg - Stadt in Angst, 1999, Regie: Daniel Helfer
- Ein großes Ding, 1999, Regie: Bernd Schadewald
- Helicops: Verschwörung, 1999, Regie: Andy Bausch
- Wolfs Revier: Zwei Seelen, ein Gedanke, 1999
- Wolfs Revier: Ein grosses Ding, 1998, Regie: Bernd Schadewald
- Die Neue: Eine Frau mit Kaliber, 1998
- Kommissar Rex: Gefährlicher Auftrag, 1998
- Ein Fall für Zwei: Falsche Partner, 1998, an der Roll vum Abriecher Carlo Lohmann, Regie: Uli Möller, fir d'éischt gewise ginn den 30.04.1999 um ZDF
- Dinojagd, 1998, Regie: Andy Bausch, an der Balko-Serie
- Die Straßen von Berlin: Die Bazooka Bande, 1998
- Mondseecops, 1997, Regie: Jörg Grünler
- Geisterjäger, John Sinclair, 1996, Regie: Klaus Knoesel
- Der Venusmörder, 1996, Regie: Dominik Othenin Girard
- Ex und Hopp, 1990, Regie: Andy Bausch
Discographie
änneren- Thierry van Werveke - Dat Bescht an de Rescht, 2009
- Nazz Nazz - His Bastard's Noise, 2003
- Thierry van Werveke & Taboola Rasa, 1999, MASKéNADA
- Nazz Nazz - Mad Man, 1996
- Nazz Nazz - Stay Aboard, 1990
Iwwer den Thierry van Werveke
änneren- Inthierryview, 2008, Regie: Andy Bausch.
- The very last Cha-cha-cha, 1999, Regie: Andy Bausch.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Yves Steichen: Thierry van Werveke. Luxemburg, Éditions Saint-Paul/CNA 2018 (=Lëtzebuerger Biographien).