Tous les matins du monde

Film vum Alain Corneau (1991)
Tous les matins du monde
Film
Produktiounsland Frankräich
Produktiounsjoer 1991
Première 18. Dezember 1991
Dauer 115 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Alain Corneau
Dréibuch Alain Corneau
Pascal Quignard
Fotografie Yves Angelo
Musek Jordi Savall
Schnëtt Marie-Josèphe Yoyotte
Produzent Jean-Louis Livi
Produktiouns-
gesellschaft
Film Par Film
DD Productions
Divali Films
SEDIF
FR3 Films Production
Schauspiller
Jean-Pierre Marielle als Monsieur de Sainte-Colombe
Gérard Depardieu als Marin Marais
Anne Brochet als Madeleine
Guillaume Depardieu als Marin Marais (jonk)
Michel Bouquet als Baugin
Carole Richert als Toinette
Jean-Claude Dreyfus als Abbé Mathieu
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

änneren

De Komponist Marin Marais (* 1656 zu Paräis) erënnert sech u seng Jugend. En denkt u säi Léiermeeschter, de Monsieur de Sainte-Colombe, deen him d'Spill op der Viole de Gambe bäibruecht huet. . Awer och seng Relatioune mat dem Madeleine an dem Toinette, de Meedercher vum Monsieur de Sainte-Colombe, kommen him an Erënnerung, besonnesch dat tragescht Schicksal vum Madeleine.

Markant Zeenen aus dem Film

änneren
  • Den Ufank vum Film: Eng Groussopnam, déi sechs Minutten dauert, vum Marin Marais (Gérard Depardieu) sengem vum Alter gezeechente Gesiicht.
  • Déi onheemlech tragesch lescht Renconter vum Madeleine de Sainte-Colombe mat dem Marin Marais.

De Jordi Savall huet d'Musek vum Film deelweis selwer geschriwwen oder arrangéiert. Hien huet awer och Originalmusek aus der Zäit vum Marin Marais an de Film agebaut.

  • Museksstécker aus dem Film:
    • Une jeune fillette: Vollekslidd arrangéiert vum Jordi Savall
    • Prélude pour Mr Vauquelin vum Jordi Savall
    • Troisième Leçon de Ténèbres à 2 voix vum François Couperin
    • Marche pour la cérémonie des Turcs vum Jean-Baptiste Lully
    • le Badinage, la Rêveuse, l'Arabesque, Improvisations sur les Folies d'Espagne, Tombeau pour Mr de Sainte Colombe!, Muzette I a II, a Sonnerie de Sainte Geneviève du Mont-de-Paris vum Marin Marais
    • les Pleurs, Le Retour Gavotte du Tendre, Concert à deux Violes vum Jean de Sainte-Colombe

Ausser dem Ensembel Le Concert des Nations hunn am Film follgend Instrumentalsoliste matgwierkt: Jordi Savall, Fabio Bondi, Rolf Lislevand, Pierre Hantaï a Jérôme Hantaï.

Gesank: Montserrat Figueras a Marie-Christine Kiehr

Monsieur de Sainte-Colombe

änneren

De Sainte-Colombe gëtt Monsieur de Sainte–Colombe genannt, well säi Virnumn net méi bekannt ass.

Um Spaweck

änneren
  NODES