Urin
Urin oder Harn ass eng Flëssegkeet, déi vun den Niere vum Mënsch a villen Déiere produzéiert gëtt, fir Offallstoffer an iwwerschësseg Substanzen aus dem Kierper auszescheeden. Et handelt sech ëm e wichtegt Ausscheedungsprodukt, dat niewent Offallstoffer och Waasser an Elektrolytten enthält. Urin ass en zentrale Bestanddeel vum Stoffwiessel, well en hëlleft, de Kierper vun onnéidegen a schiedleche Substanzen ze befreien.
D'Produktioun an d'Ausscheede vum Urin ass e komplexe Prozess, deen dräi grouss Schrëtt ëmfaasst. Fir d'éischt gëtt d'Blutt an den Niere gefiltert. Beim Mënsch fléisst dat ganz Blutt am Kierper, also 5 bis 6 Liter, ronn 300 Mol pro Dag duerch d'Nieren, déi also ongeféier 1.700 Liter Blutt filteren. Do gi Substanze wéi Waasser, Elektrolytten an anerer an den Nierekanälercher (Tubuli) gesammelt. Vill vun deene Substanze ginn awer weider am Kierper gebraucht an dowéinst nees zréck an d'Blutt gefouert. All d'Offallstoffer an déi Substanzen, déi grad net gebraucht ginn, ofginn an an den Urin ausgescheet. De fäerdegen Urin gëtt dann iwwer den Harnleiter an d'Blos transportéiert, a gëtt schliisslech iwwer d'Harnröre aus dem Kierper ausgescheet.[1]
D'Ausscheede vum Urin aus dem Kierper gëtt "Waasserloossen" oder "Urinéieren" genannt, informell och nach "Pissen". An der medezinescher Fachsprooch gëtt dee Virgank als Miktioun bezeechent. De Mënsch scheet den Urin generell e puermol am Dag aus, bei engem erwuessene Mënsch sinn dat am Schnëtt pro Dag annerhallwe Liter.[2]
Urin besteet haaptsächlech aus Waasser (ongeféier 95 %), an deem aner Substanzen opgeléist sinn, dorënner Harnstoff (en Ofbauproduit vun de Proteinnen), Kreatinin (Ofbauproduit vun der Muskelaktivitéit), Harnsaier (Ofbauproduit vun der Nukleinsaier), Elektrolytten (wéi Natrium, Kalium, Chlorid, Calcium), Hormoner, Vitaminnen, a Friemstoffer wéi zum Beispill Medikamentsubstanzen. D'Faarf vum Urin ka vun hellgiel bis donkelgiel variéieren a gëtt haaptsächlech duerch de Faarfstoff Urobilin beaflosst, dee beim Ofbau vum Hämoglobin entsteet.[2],[3]
Urin spillt net nëmmen eng Roll bei der Entsuergung vun den Offallstoffer, mee hëlleft och, de Waasser- an Elektrolythaushalt vum Kierper ze reguléieren, wat fir d'Oprechterhale vum ënnerleche Gläichgewiicht (Homeostasie) wichteg ass.[2]
Ausserdeem ass e bei villen Déierenaarten e Kommunikatiounsmëttel (Chemokommunikatioun), andeeems mam Urin ë. a. den Territoire markéiert gëtt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Urin – Biller, Videoen oder Audiodateien |