Villa Grueweléck
D'Villa Grueweléck ass e réimescht Gebai an der Gemeng Suessem dat bis an d'4. Joerhonnert bewunnt war. [1]
De Grondrëss vun der Villa | |
Typ | archeologesch Plaz, réimesch Villa |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Plaz | Suessem |
Adress | op Grueweléck |
Koordinaten | 49°33'11,52"N, 5°56'36,82"O |
Epoch | 1. Joerhonnert (julianesch) |
Datum vun der Entdeckung | 1969 |
Geschichtleches
ännerenEt ass bis haut net vill iwwer dës Villa gewosst. Et handelt sech ëm e gréisseren Haff, aus der galloréimescher Zäit, deen tëscht Suessem a Lampech läit. Et gëtt ugeholl, datt dës Plaz als Bauplaz gewielt gouf, well an der direkter Géigend d'Réimerstrooss vum Tëtelbierg laanscht den Zolwerknapp (op deem e Réimerkastell stoung, änlech wéi deen um Bockfiels), op Duelem verlaf ass.
D'Iwwerreschter vun der Villa goufen am Joer 1969 fonnt, an no der Géigend benannt, wou se mol stoung: Grueweléck. D'Gesamtlängt vum Gebai ass 60 Meter. Se léisst sech als Portikusvilla aklasséieren a setzt sech aus méi klenge Gebaielementer zesummen, déi mat engem Sailegank (Portikus) u-fërmeg verbonne war. Op de Loftopname kann een erkennen, datt d'Gebai op d'mannst ee Keller souwéi e puer Waarmloftheizungen (Hypokausten) hat. Wann een den Alter vu Fondstécker (wéi zum Beispill Keramik a Mënzen) kuckt, léisst sech den Alter vun der Villa op dat 1. Joerhonnert zeréckdatéieren.
Am 19. Joerhonnert huet een a Suessem réimesch Gruewsteng a Zille fonnt, soudatt een dovun ausgoe kann, datt den Haff nach méi grouss war, wéi ugeholl.
Iwwer de Bauhär vun der Réimervilla ass och nach näischt gewosst. Dat eenzegt wat Opschloss op seng Bewunner ka ginn, ass d'Fragment vun engem Steerelief, dat e Gesiicht weist. Méiglecherweis ass et Grafdenkmal.
D'Villa haut
ännerenUn der Villa goufe bis haut keng Ausgruewunge virgeholl. Haut fënnt een op dëser Plaz e Feld. De Grondrëss gouf vum Fliger aus fotograféiert: De Buedem iwwer de Mauerreschter ass manner fruchtbar wéi an der Ëmgéigend. Sou verdréchent d'Gras am Summer op deene Plaze méi séier wéi op aneren. Vun Uewe gesinn, ass de komplette Grondrëss z'erkennen.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Eng Gemeng an hir Geschicht, Auteuren: Carlo Bauer, Elvire Bauer-Wilhelmus, Mathias Greisch, John Irrthum, René Klein, Jean Krier, Paul Lafontaine, Jean Malget, Georges Muller, Etienne Streitz, Jean-Claude Streitz, Norbert Theis. Sanem: Gemeindeverwaltung, 1993, Petingen, Heintz, 311 S.
- Jean Paul Mertes, Gemeinde Sassenheim im Wandel der Zeit, Journal – 21 / Mëttwoch, den 30. November 1994, Administration Communale de Sanem Kultur- a Geschichtshaus a Gadder
Referenzen
änneren- ↑ proarchaeologia: Sanem Grueweleck, villa occupée dans la première moitié du IVe s. Carte arch. 25, A-164; FMRL I 306; FMRL II 183; FMRL III 187; FMRL IV 211; PSH 102, 1986, 160, 169 et 176.