Abell 21
Den Abell 21 oder YM 29, och bekannt als Medusa-Niwwel ass e grousse planetareschen Niwwel mat klenger Flächenhellegkeet am Stärebild Gemini. Säin Numm huet den Niwwel wéinst de schlaangenänleche Gasfilamenter, déi un d'Hoer vun der Medusa erënneren.
Date vum Abell 21 / YM 29 / Medusa-Niwwel | |
---|---|
Stärebild | Gemini (Gem)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 07h 29m 02.7s |
Deklinatioun | + 13° 14' 48" |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Planetareschen Niwwel |
Visuell Magnitude | |
Wénkelduerchmiesser | 12′ |
Liichtjoer | zirka 1500 |
Duerchmiesser | (1,8 × 1,4) pc |
Entdecker | George O. Abell / Hugh M. Johnson |
Entdeckungsjoer | 1955 |
Katalogbezeechnungen | |
PK 205+14 1 • IAU G205.1+14.2 • Sh 2-274 • Abell 21 • YM 29 |
Den Niwwel gouf 1955 onofhängeg vunenee vum George Ogden Abell um Palomar-Observatoire a vum Hugh M. Johnson am Kader vum Yerkes-McDonald-Survey entdeckt. Bis an d'1970er Jore gouf ugeholl, datt et sech ëm e Supernovarescht handele kéint. Duerch déi berechent Ausdeenungsvitessen an den thermesche Charakter vun der Radioemissioun hu sowjetesch Astronomen 1971 geschlussfollgert, datt déi éischt Klassifizéierung am warscheinlechsten ass.
Den Objet ass net ze verwiessele mam Galaxiëkoup Abell 21 oder der Galaxie NGC 4194.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Medusa nebula, Abell 21, héichopgeléist Fotoe vum 4m-Mayall-Teleskop
- APOD picture: The Medusa Nebula
- Images of the Universe: PK 205+14.1 The Medusa Nebula in Gemini