Bot

autonome  Computerprogramm

Ënner engem Bot (v. robot) versteet een eng Klass vu Computerprogrammer, déi zum groussen Deel autonomen Aufgaben noginn, mat deenen e Mënsch oder eng mënschlech-interaktiv gesteiert Software zäit- oder quantitéitsméisseg iwwerfuerdert wier.

E Bot ass en tendenziell éischter simpelt, fläissegt "Aarbechtswiesen". Dofir gebraucht een déi Bezeechnung och normalerweis net fir quasi-selbstänneg Programmer am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz.

E ganz bekannt Beispill fir Bote sinn d'Webcrawler vun Internet-Sichmaschinnen, déi Websäite besichen, woubäi si de Linken déi do sinn, noginn an dobäi ënner Ëmstänn de Contenu vun de Säiten auswäerten.

A Computerspiller (meeschtens Ego-Shooter) gi computergestéiert Acteuren, déi am Méispillermodus d'Rolle vun eigentlech mënschleche Spiller iwwerhuelen, och als Bote bezeechent.

Am IRC gi Botte fir d'Kontroll a fir d'Ophale vun Channele benotzt.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
  NODES
Done 1