Eng Buedbidden oder einfach Bidden ass e grousse Behälter dee fir d'mënschlech Kierperhygiène benotzt gëtt. Et kann een d'Bidde mat Waasser fëllen a sech dra sëtzen oder leeën, oder sech an d'Bidde stellen an da mat Waasser, dat aus dem Krunn oder vum Duschkapp, leeft wäschen.

Eng stolen emailléiert Bidden déi fräi steet.

D'Bidde sti gemekerhand am Buedzëmmer. Si kann entweeder fräi stoen oder agebaut sinn a mat enger Dusch kombinéiert sinn. Si huet dacks eng längelzeg Form a generell en Offloss, mat deem d'Waasser kann erausgelooss ginn. Wéi aner Sanitärinstallatiounen och, z. B. d'Toilette oder de Lavabo, sinn déi meescht modern Bidde wäiss, obwuel et s'och an anere Faarwe gëtt. Eng besonnesch Form ass d'Sëtzbidden.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Bidden – Biller, Videoen oder Audiodateien
  NODES
Done 1