Carlos Ruiz Zafón
De Carlos Ruiz Zafón, gebuer de 25. September 1964 zu Barcelona, a gestuerwen den 19. Juni 2020 zu Los Angeles,[1] war e spuenesche Schrëftsteller a Journalist.
Carlos Ruiz Zafón | |
---|---|
Gebuer |
25. September 1964 Barcelona |
Gestuerwen |
19. Juni 2020 Los Angeles |
Doudesursaach | Déckdaarmkriibs |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Romancier, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Filmdréibuchauteur |
Mat 30 Joer ass de Carlos Ruiz Zafón op Los Angeles ausgewandert, fir do als Schrëftsteller ze liewen. Hie war och Journalist fir El País a La Vanguardia.
1993 koum säin éischte Roman, El príncipe de la niebla, eraus, dee sech eng 150.000 Mol verkaaft huet. Duerno huet hien dräi weider Jugendbicher publizéiert. Säi fënneft a wuel bekanntst Wierk ass La sombra del viento, dat 2001 erauskoum, an dat a 36 Sproochen iwwersat a ronn 10 Millioune mol verkaaft gouf.
Wierker
änneren- Trilogía de la niebla
- El príncipe de la niebla. Edebé, Barcelona 1993, ISBN 0-06-172435-1
- El palacio de la medianoche. Edebé, Barcelona 1994, ISBN 0-06-128437-8
- Las luces de septiembre. Edebé, Barcelona 1995, ISBN 0-06-156557-1
- Marina. Edebé, Barcelona 1999, ISBN 84-236-4899-0
- La sombra del viento. Planeta, Barcelona 2001, ISBN 84-08-05793-6
- El juego del ángel. Planeta, Barcelona 2008, ISBN 978-84-08-08118-0
- El Prisionero del Cielo. Planeta, Barcelona 2011, ISBN 978-84-08-10582-4
- El laberinto de los espίritus. Planeta, Barcelona 2016
- La Mujer de Vapor. Kuerzgeschichten. Planeta, Barcelona 2005, ISBN 84-08-06442-8
- El príncipe de parnasso. Planeta, Barcelona, 2012
Um Spaweck
ännerenCommons: Carlos Ruiz Zafón – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ "Spanischer Schriftsteller Carlos Ruiz Zafón ist tot." zeit.de, 19.06.2020