Dogmatik
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Dogmatik ass en Deel vun der chrëschtlecher Theologie, si beschäftegt sech mat der systematescher Duerstellung an Entwécklung vun de Glawensinhalter. Hir Aufgab ass et dës Inhalter koherent ze halen an hiren Interssi fir de Mënsch opzeweisen. Se beschäftegt sech also mat dem Glawensinhalt, der fides quae creditur (de Glawen dee gegleeft gëtt) am Géigesaz zur Fundamentaltheologie déi sech mat dem Glawensakt, der fides qua creditur (de Glawen, duerch dee gegleeft gëtt) beschäftegt.
Dogma (Definitioun)
ännerenEn Dogma (gr. dogma - Meenung oder Léiersaatz) ass ang Ausso oder eng Léierentscheedung fir eng Relioun, eng Weltanschauung oder eng Wëssenschaft, déi vun enger Grupp vu Leit als grondleend an net verhandelbar ugesinn gëtt.
Haut gebraucht een an der Wëssenschaft Dogma nach bal just an engem pejorative Sënn, fréier war dat net sou, eng Erkenntnes déi als absolut geséchert gegollt huet war en Dogma.
An der Theologie drécken Dogme Glawenswourechten aus, déi verbindlech sinn a sou zum Wiese vun der Kierch gehéieren. Dofir geet et an der Theologie och ëmmer ëm d'Begrënnung, d'Entwécklung an d'Deitung vun dëse Léierentscheedungen. Et kann en Dogma och als eng Aart Axiom ugesi ginn, well se allebéid wëssenschaftlech net beweisbar sinn an d'Ofännere vun engem een an en anere System (fir d'Axiomen, z. B. eng aner Zort Geometrie) respektiv an eng aner Relioun/Weltanschauung (fir en Dogma, sou féiert d'Ofleene vum Dogma vun engem eenzege Gott zum Polytheismus) féiert.
Chrëschtlech Dogmen
änneren- Existenz vu Gott
- En eenzege Gott
- Dräifaltegkeet (dräi Persounen an där enger gëttlecher Natur)
- Inkarnatioun (Menschwerdung)
Ënnerdeelung vun der Dogmatik
ännerenWëll d'Glawensinhalter e risege Theemeblock duerstellen, gëtt et nach eng ganz Rei vun Ënnerfächer bannent der Dogmatik (mat de Froen op déi se wëllen eng Äntwert ginn):
- Schafungsléier: Wéi ass Gott als Urspronk vun der Welt ze verstoen?
- Theologesch Anthropologie: Wéi ass de Mënsch a senger Bezéiung zu Gott ze verstoen?
- Schrëftléier: Wéi ass d'Bibel, déi Helleg Schrëft ze verstoen? Déi wëssenschaftlech Analys vun der Bibel gëtt Exegese genannt.
- Christologie: Wie war de Jesus als Mënsch an als dem Herrgott säi Jong (Sohn Gottes)?
- Soteriologie: Wéi gesäit den Heelsplang vu Gott aus?
- Pneumatologie: Wien ass den Hellege Geescht?
- Theologie (am enke Sënn): Wien ass Gott de Papp a wat sinn d'Relatiounen tëscht de Persoune vun der Dräifaltegkeet?
- Ekklesiologie: wat ass d'Kierch a wat sinn hir Funktiounen?
- Sakramentologie: Wéi gëtt d'Bedeitung vun symbolesche Kulthandlunge vun der Kierch verstanen?
- Eschatologie: Wat erwaart eis um Schluss, um perséinleche Liewensenn a kollektiv um Enn vun der Zäit?
- Gnodeléier: Kann ech mech selwer erléisen?
- Mariologie: Wéi gëtt d'Bedeitung vun der Jongfra Maria als Mutter Gottes verstan?