Fernando de la Rúa
argentinesche Politiker
De Fernando de la Rúa Bruno, gebuer de 15. September 1937 zu Córdoba, an Argentinien, a gestuerwen den 9. Juli 2019 zu Belén de Escobar, war en argentinesche Politiker vun der Partei Unión Cívica Radical (UCR). Hie war vum 10. Dezember 1999 bis den 21. Dezember 2001 President vun Argentinien, an dat wärend der argentinescher Finanzkris vun 2001.
Fernando de la Rúa | |
---|---|
Gebuer |
15. September 1937 Córdoba |
Gestuerwen | 9. Juli 2019 |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Argentinien |
Educatioun | National Universitéit Córdoba |
Aktivitéit | Affekot, Politiker |
Partei | Unión Cívica Radical |
Famill | |
Bestuet mat | Inés Pertiné Urien |
Geschwëster | Jorge de la Rúa |
Kanner | Antonio de la Rúa |
Hie war virdrun, zanter 1996, Buergermeeschter vu Buenos Aires an do virdrun e puermol Member vum Senat.
Um Spaweck
ännerenCommons: Fernando de la Rúa – Biller, Videoen oder Audiodateien |