Fluchhafen
E Fluchhafen ass eng ëffentlech Fluchplaz mat Infrastruktur, iwwer déi generell kommerziell Flich gemaach ginn. Jee no Sproochgebrauch kann een och Militärfluchplazen zu de Fluchhäfen zielen. Op engem Fluchhafe gëllen dacks méi héich Sécherheetsstandarter wéi op anere Fluchplazen.
Fluchhäfe si meescht gutt iwwer d'Stroossennetz z'erreechen an op den Transport vu Passagéier a Cargo ausgeluecht. Dofir kënne Fluchhäfen och un d'Schinnennetz (Zuch, Metro, Tram) ugeschloss sinn.
Fir am Fall vun engem Accident séier kënnen anzegräifen, fënnt een op deene meeschte Fluchhäfe Pompjeeën a Rettungsdéngschter. Aner Infrastrukture sinn den Tower, Hangaren, Terminaler an deenen d'Passagéier kënnen an- an auschecken an u Bord vum Fliger goen, Restauranten, Butteker, Bureaue fir d'Police an d'Douane, asw. E grousse Fluchhafen kann iwwer 100 km² grouss sinn an 10.000e Leit beschäftegen.
De Fluchhafe Lëtzebuerg läit nordëstlech vun der Stad Lëtzebuerg.
Fluchhäfe mat de meeschte Passagéier
ännerenRang 2015 |
Numm vum Fluchhafen | Land a Stad | Code (IATA/ICAO) |
Passagéier 2015 |
---|---|---|---|---|
1. | Hartsfield-Jackson Atlanta International Airport | USA, Atlanta | ATL/KATL | 101.491.106 |
2. | Beijing Capital International Airport | China, Peking | PEK/ZBAA | 89.938.628 |
3. | Dubai International Airport | Vereenegt Arabesch Emirater, Dubai | DXB/OMDB | 78.014.838 |
4. | Chicago O'Hare International Airport | USA, Chicago | ORD/KORD | 76.942.493 |
5. | Tokyo Haneda International Airport | Japan, Tokio | HND/RJTT | 75.316.718 |
6. | London Heathrow Airport | Vereenegt Kinnekräich, London | LHR/EGLL | 74.989.795 |
7. | Los Angeles International Airport | USA, Los Angeles | LAX/KLAX | 74.937.004 |
8. | Hong Kong International Airport | Hong Kong | HKG/VHHH | 68.283.407 |
9. | Aéroport Paris-Charles de Gaulle | Frankräich, Paräis | CDG/LFPG | 65.766.986 |
10. | Dallas-Fort Worth International Airport | USA, Dallas a Fort Worth | DFW/KDFW | 64.072.468 |
Um Spaweck
ännerenCommons: Fluchhäfen – Biller, Videoen oder Audiodateien |