Giotto (Raumsond)
D'Giotto war eng europäesch, onbemannt Raumsond, déi 1985 fir d'Erfuerschung vum Koméit Halley an de Weltraum geschéckt gouf. Si war „déi éischt interplanetar Sond vun der ESA an déi éischt wëssenschaftlech Notzlaascht u Bord vun enger Ariane-Rakéit.“
Giotto (Sond) | |
---|---|
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | Europa |
Agentur | ESA |
COSPAR-Bezeechnung | 1985-056A |
Mass | 960 kg |
Gréisst | 1,1 × 1,1 × 2,85 m |
Start | 2. Juli 1985, 11:23:16 UTC |
Startplaz | Centre Spatial Guyanais |
Drorakéit | Ariane 1 |
Status | ausgeschallt: 23. Juli 1992 |
Offiziell Websäit | [1] |
Zweck vun der Missioun
ännerenD'Raumsond Giotto vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) déngt der Erfuerschung vum Koméit Halley. D'Sond ass nom italieenesche Moler Giotto di Bondone genannt. Hien hat de Koméit Halley am Joer 1301 observéiert an hat de Koméit als Stär vu Betlehem am Fresko mat den dräi hellege Kinneken duergestallt.
Ufanks sollt eng US-amerikanesch Partnersond d'Sond Giotto op der Rees begleeden, mä wéinst Budgetkierzunge bei der NASA gouf näischt doraus. Sou koum dann eng Kooperatioun mat der Sowjetunioun a mat Japan zustan, déi mat der Vega 1 an 2 respektiv Sakigake a Suisei och Sonde fortgeschéckt hunn. Well d'Giotto ganz beim Koméit laanschtfléie géif, goungen d'ESA-Verantwortlech dovun aus, datt se de Rendez-vous op wéinst dem „Bombardement“ mat Koméitendeeler, trotz engem robuste Schutzschëld, net iwwerliewe géif. Dofir goufen all wëssenschaftlech Daten live op d'Äerd iwwerdroen.
Verlaf
ännerenD'Sond Giotto gouf den 2. Juli 1985 um 11:23:16 UTC mat enger Ariane-1-Rakéit vun der europäescher Weltraumgare Kourou gestart. De Passage beim Halley war de 14. Mäerz 1986 um 00:03:02 UTC op enger Distanz vun nëmme 596 km mat enger Vitess vun 68,7 km/s (247.320 km/h), wat duerch Bunnkorrekturen op Basis vu Miessunge vun den anere Sonde méiglech war. Iwwerraschenderweis hat d'Giotto den noe Laanschtfluch beim Koméit iwwerstanen, gouf awer 7,6 Sekonnen viru sengem nooste Laanschtfluch beim Halley schwéier getraff. D'Kamera an e puer aner Instrumenter waren direkt futti. D'Raumsond selwer, déi un d'wackele koum, konnt no 30 Minutten nees stabiliséiert ginn. D'Sond gouf op e Réckfluch op d'Äerd programméiert an duerno ofgeschalt.
Am Joer 1990 gouf d'Sond nees reaktivéiert. Genee 5 Joer nom Start huet d'Sond dann e Laanschtfluch bei eiser Äerd, den 2. Juli 1990 gemaach.
Den 10. Juli 1992 huet d'Sond en zweete Koméit, den Grigg-Skjellerup op enger Distanz vun 200 Kilometer, passéiert. Duerno gouf d'Sond nees op d'Äerd zeréckdrigéiert an den 23. Juli 1992 definitiv ausgeschalt. Den zweete Fluch laanscht d'Äerd war den 1. Juli 1999.
Resultater
ännerenErkenntnesser iwwer de Koméit Halley
ännerenD'Fotoen déi d'Giotto opgeholl hat weisen de Kär vum Koméit Halley als afennossfërmegen, donkle Kierper mat enger Längt vu 15 km an enger Breet vu 7–10 km. Zéng Prozent vun der Uewerfläch sinn aktiv, dorënner si wéinstens dräi Gasausbréch op der sonnenzougedréiter Säit. D'Analysen haten erginn, datt de Koméit viru 4,5 Milliarde Joer aus Äis entstanen ass, dat un interstellare Stëbsdeelercher kondenséiert war. Zanterhir huet sech seng Form bal net verännert.
Dat ausgestoussent Material vum Koméit besteet aus 80 % Waasser, 10 % Kuelestoffmonoxid, 2,5 % Methan an Ammoniak. De Rescht weist Spuere vu Kuelewaasserstoffer, Eisen an Natrium.
Mat enger Albedo vun nëmmen 0,04 ass de Kär vum Koméit méi däischter wéi Kuel a gehéiert zu den donkelsten Objete vum Sonnesystem, déi bis elo bekannt sinn. Seng Faarf léisst op ganz grouss ugelagert Stëbsdeeler op der Uewerfläch schléissen.
D'Uewerfläch vum Kär ass rau a poréis. Seng Dicht ass nëmmen 0,3 g/cm³ (ongeféier een Drëttel vun der Waasserdicht).[1]
De gréissten Deel vun den ausgestoussene Stëbsdeelercher huet ongeféier d'Gréisst vun Zigarettendamppartikelen an eng Mass am Beräich vun 10−20 kg bis 40x10−5 kg (10 Attogramm bis 40 Milligramm).
Vun der cheemescher Zesummesetzung hier léisst sech de Stëbs an zwou Gruppen andeelen. Déi éischt, déi sougenannt CHON-Grupp besteet virun allem aus liichten Elementer wéi Kuelestoff (C), Waasserstoff (H), Sauerstoff (O) a Stéckstoff (N). Déi zweet Grupp weist dogéint Elementer op, déi typescherweis a Gestengs an a Mineraler fonnt ginn: Natrium, Magnesium, Silizium, Eisen a Calcium.
Opfälleg ass, datt d'Verhältnes vun de liichten Elementer zum Silizium deem vun der Sonn entsprécht. Et gëtt ugeholl, datt de Koméit Halley aus deem eelsten, net verännerte Material vum Sonnesystem besteet.
Erfolleger aus Siicht vun der Raumfaart
ännerenD'Giotto war no de béiden däitsch-US-amerikanesche Sonde vum Helios-Programm déi éischt „europäesch“ Sond.
- D'Giotto war am nooste beim Koméit Halley laanscht geflunn an hat déi bescht Daten a Biller vum Koméit iwwerdroen.
- De Laanschtfluch beim Koméit Grigg-Skjellerup war den nooste Koméitelaanschtfluch vun der Raumfaartgeschicht. Hien hat e Verglach vun dësem ale Koméit mat dem jonken, aktiven Halley erméiglecht. D'Giotto war déi éischt Sond, déi bei zwéi verschiddene Koméite laanscht geflu war.
- D'Giotto war och déi éischt Sond, déi aus dem interplanetare Raum zeréck bei d'Äerd koum an d'Äerd fir e Swing-by-Manöver benotzt huet.
- D'Giotto war déi éischt Raumsond, déi wärend hirer Missioun zäitweis ofgeschalt war a sech selwer iwwerlooss gouf. Doduerch goufen Iwwerwaachungskäschte gespuert.
- De Giotto gëllt als Virbild fir nei Koméitemissiounen. Sou konnt schonn d'Koméitesond Rosetta an hire Lander Philae, déi den 2. Mäerz 2004 gestart gouf, vun de gesammelten Giotto-Erkenntnesser profitéieren.
Literatur
änneren- Nigel Calder: Jenseits von Halley. Die Erforschung von Schweifsternen durch die Raumsonden Giotto und Rosetta (Originaltitel: Giotto to the Comets). Deutsch von Daniel Fischer. Geleitwort von Reimar Lüst. Springer, Berlin, Heidelberg und New York 1994, 234 (XVI) S., ISBN 3-540-57585-5
- Hahn, Hermann-Michael (1985): Das Unternehmen Giotto. Geowissenschaften in unserer Zeit; 3(6); 173-180. (pdf 2,6 MB)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Giotto – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Bernd Leitenberger: Giotto (Deel 1, Deel 2)
- (en) ESA: Giotto
- (en) ESA: Giotto auf der Science & Technology Seite
- (en) ESA: Web Archiv: PDF iwwer de Giotto bei der ESA (PDF; 253 kB)
Referenzen
änneren- ↑ ESA Science & Technology: Halley gekuckt den 3. August 2014
ESA Satellitten a Raumsonden | ||
COS-B (1975) • GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978) • Meteosat (1977–1997) • IUE (1978) • EXOSAT (1983) • Giotto (1985) • Olympus (1989) • Hipparcos (1989) • Hubble (1990) • Ulysses (1990) • ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995) • EURECA (1992) • ISO (1995) • SOHO (1995) • Huygens (1997) • XMM-Newton (1999) • Cluster (2000) • Artemis (2001) • Proba (2001) • Envisat (2002) • MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005) • Integral (2002) • Mars Express (2003) • SMART-1 (2003) • Double Star (2003) • Rosetta (2004) • SSETI Express (2005) • CryoSat (2005) • Venus Express (2005) • Galileo (2005–2008) • ASTRO-F (2006) • METOP-A (2006) • CoRoT (2006) • GOCE (2007) • SMOS (2007) • Herschel (2009) • Planck (2008) • ADM-Aeolus (2008) • HYLAS (2008) • LISA Pathfinder (2009) • CryoSat-2 (2009) • SWARM (2010) • Gaia (2011) • ExoMars (2013) • BepiColombo (2013) • JWST (2013) • LISA (2015) • Darwin (2015) • Solar Orbiter (2015) • Mars Sample Return (fréistens 2016) |