Grousse groen Neimäerder
De grousse groen Neimäerder (Lanius excubitor), ass e Vugel aus der Famill vun de Wierger (Laniidae), deen an den temperéierten a subarkteschen Zone vun Nordamerika an Eurasien, an och zum Deel an Zentralasie verbreet ass.
Grousse groen Neimäerder | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E grousse groen Neimäerder | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Raubwürger fr: Pie-grièche grise | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Lanius excubitor Carl von Linné, 1758 |
Säi lëtzebuergeschen Numm weist op seng Ernierung hin, déi bal ausschliisslech aus Déiere besteet.
Net ze verwiesselen ass d'Aart mam Klengen Neimäerder, deen och zu Lëtzebuerg lieft.
Beschreiwung
ännerenDe grousse groen Neimäerder ass ongeféier sou grouss wéi eng Märel. Den allgemengen Androck ass dee vun engem gro-wäiss-schwaarze Vugel mat laange Schwanzfiederen. Vum Schniewel aus leeft op all Säit eng schwaarz Sträif duerch d'A.
Männchen a Weibche si gläichgrouss. D'Weibchen huet meeschtens e Fiederkleed dat liicht manner kontrasträich ass wéi dat vum Männchen.
Liewensraum
ännerenDe grousse groen Neimäerder lieft an hallefoppene Landschafte mat Hecken an eenzele Beem.
Ernierung
ännerenDe grousse groe Neimäerder frësst souzesoen nëmmen Déieren, am Hierscht och emol Friichten. Seng Beit si virun allem Wullmais, Mais an och Spëtzmais, déi zesumme bis zu 90 % vu sengem Kascht ausmaachen. Donieft frësst en och nach Vigel, dat bis zur Gréisst vun enger Märel. Nëmme seele fänkt e Fliedermais, Amphibien, Reptiller oder och Fësch. Seng Brutt fiddert en, besonnesch an den éischten Deeg nom Schlüpfen, mat Insekten, virun allem Kiewerleken an Heesprénger.
De grousse groen Neimäerder jot virun allem vun exponéierte Plazen aus, déi meeschtens op enger Héicht vun 3 bis 8 Meter leien, a vu wou aus e sech op seng Affer stierzt. Seng Beit spiisst en dacks op engem Dar op oder klemmt se an enger Aaschtgafel fest, dat fir se stéckweis kënnen ze friessen, mä awer och fir sou eng Reserv unzeleeën.
Zuchverhalen
ännerenDe grousse groen Neimäerder ass e Standvugel am Süde vu sengem Verbreedungsgebitt, méi nërdlech gëtt en zum Zuchvugel, woubäi d'Zuchdistanz vu Süden no Norden zouhëlt.
D'Wanterquartéiere vun de Vigel aus dem Norde leie meeschtens am Bruttgebitt vun de Populatiounen déi méi südlech bréien, wärend déi selwer entweeder d'ganzt Joer an hirem Bruttgebitt bleiwen oder awer am Hierscht no Süden auswäichen.
Vun de Vigel déi an Zentraleuropa bréie verloossen zirka 50 % hiert Bruttrevéier. Déijéineg déi um Nordrand vum Verbreedungsgebitt bréie maachen dat zu 100 %.
De grousse groen Neimäerder zu Lëtzebuerg
ännerenZu Lëtzebuerg ass de grousse groen Neimäerder d'ganzt Joer iwwer ze gesinn. D'Bruttzäit zitt sech vum Abrëll bis de Juli.
Seng Zuel huet an de lescht Joerzéngte staark ofgeholl, dat virun allem wéinst der Zerstéierung vu senge Liewensraim, awer warscheinlech och wéinst dem Asaz vun Insektiziden an der Agrikultur, duerch déi déi 'grouss' Insekten deziméiert goufen.
De Bestand vum grousse groen Neimäerder gëtt op nëmme méi 50-90 Bruttkoppelen am ganze Land geschat (Stand 2010).[1]
Op der Rouder Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg steet d'Aart an der Kategorie 2 (staark a Gefor) (Stand 2009) [1] 2012 war en dofir als Vull vum Joer erausgesicht ginn.
D'Aart steet net an der Annex vun der EU-Vulleschutzdirektiv 79/409.
Schutzmoossnamen
änneren2010 huet d'Biologesch Statioun-Naturschutzzenter SIAS[2] zesumme mat der Centrale ornithologique vun natur&ëmwelt e Programm fir de Schutz vum grousse groen Neimäerder opgestallt.
Am Kader vun deem Programm goufen Ufank 2011 tëscht Guedber an Allënster, um Lieu-dit Oumerecht, wou d'Aart nach britt, siwen Eeche geplanzt. Si sollen dem grousse groen Neimäerder Sëtzplaze bidden, vun deenen aus hie joe kann.[3],[4]
Literatur
änneren- Lorgé, P. & E. Melchior, 2010. Vögel Luxemburgs. 264 S. Erausgi vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. D'Dréckerei ass net genannt. Cf. S. 153. ISBN 978-2-919920-01-3
- Limbrunner, A., E. Bezzel, K. Richarz, D. Singer, 2007. Enzyklopädie der Brutvögel Europas. Kosmos Verlag. 860 S. ISBN 978-3-440-11110-9
Kuckt och
änneren- Projet Eng Baach fir den Äisvull an der Gemeng Sëll
- Lëscht vun de Vullen zu Lëtzebuerg
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 P. Lorgé & E. Melchior 2010, S. 153. Vögel Luxemburgs.
- ↑ SIAS = Syndicat intercommunal pour l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre
- ↑ Luxemburger Wort vum 7. Mäerz 2011, S. 29: Sieben Eichen in Junglinster gepflanzt.
- ↑ Déi 7 Beem sti fir déi 7 Gemengen déi dem Syndikat ugeschloss sinn, nämlech d'Gemenge Betzder, Conter, Jonglënster, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter a Weiler zum Tuer. D'Beem goufen de 5. Mäerz 2011 a Presenz vun der Press a vum Marco Schank, Delegéierte Minister fir Ëmwelt a Landesplanung, geplanzt.