Hastings
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Vereenegt Kinnekräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hastings ass eng Stad a Groussbritannien an och een Distrikt an der Grofschaft East-Sussex. D'Stad Hastings selwer huet ronn 84.000 Awunner.
Hastings stoung, geschichtlech gesinn, am Mëttelpunkt vu zwee groussen Evenementer:
- Schluecht vun Hastings an där den Normannenherzog, Wëllem den Eruewerer,an den Harold Godwinson, sech géigeniwwerstoungen, an duerch déi de Wëllem op den engleschen Troun koum. D'Plaz vun der Schluecht ass 8 km am Norde vun Hastings.
- Den Napoleon III. an d'Eugénie de Montijo (4. September 1870), hate sech no der Proclamatioun vun der Republik op Hastings aus dem Stëbs gemaach.
Kuckeswäertes
änneren- Hastings Country Park, dee via zwéi Funiculairen z'erreechen ass;
- Fisherman's museum (Fëschermusée), deen d'Geschicht vun der Fëscherei behandelt an deen an enger fréierer Kierch ënnerbruecht ass;
- Net-Shops: Dat sinn héich haiseraarteg Schäpp, déi d'Fëscher benotzen, fir hir Netzer opzehänken, well de Strand dofir ze schmuel ass;
- Battle Abbey, Plaz vun der Schluecht vun Hastings, 8 Kilometer nërdlech vun Hastings an der Uertschaft Battle. 50° 54’ 51’’ N 00° 29’ 15’’ O
Um Spaweck
ännerenCommons: Hastings – Biller, Videoen oder Audiodateien |