Jørn Utzon
däneschen Architekt
De Jørn Oberg Utzon, gebuer den 9. Abrëll 1918 zu Kopenhagen, a gestuerwen den 29. November 2008 zu Helsingør, war en däneschen Architekt. Hie gouf virun allem mam Entworf vum Sydney Opera House bekannt. 2003 krut hien de Pritzker-Präis fir säi Liewenswierk.
Jørn Utzon | |
---|---|
Gebuer |
9. Abrëll 1918 Kopenhagen |
Gestuerwen |
29. November 2008 Helsingør |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Kinnekräich Dänemark |
Educatioun | Kinneklech Dänesch Konschtakademie |
Aktivitéit | Architekt |
Member vun | Royal Academy |
Famill | |
Kanner | Jan Utzon, Kim Utzon, Lin Utzon |
Wierker
ännerenHien huet 1950 zu Kopenhagen säin eegenen Architektebüro opgemaach. 1957 gouf hien op ee Coup berüümt, wéi e mat sengem Entworf de Concours fir d'Oper zu Sydney gewonnen huet. Dono krut hie Commandë vun uechter d'Welt, z. B. d'Melli-Bank zu Teheran (1963), e Stadion a Saudi-Arabien (1967), d'Bagsværd-Kierch zu Kopenhagen (1976) an d'Parlamentsgebai am Kuwait (1972–1987, zesumme mat sengem Jong Jan). Och de Waassertuerm zu Svaneke op Bornholm (1950) ass vun him.
Literatur
änneren- Kenneth Frampton, Nils-Ole Lund, Rafael Moneo: Jørn Utzon. Pustet, Salzburg 1999, ISBN 3-7025-0408-7.
- Richard Weston: Utzon: Inspiration, Vision, Architecture. Edition Blondal, 2002, ISBN 87-88978-98-2.
Deutsche Ausgabe: Utzon. Nieswand Verlag, 2001, ISBN 978-3-89567-019-0. - Philip Drew: Sydney Opera House, Joern Utzon. Phaidon Press, 2002, ISBN 0-7148-4215-X.
- Kenneth Frampton: Jørn Utzon: The Architect's Universe. Louisiana Museum of Modern Art, 2005, ISBN 87-90029-93-3.
- Werner Meyer: Das Opernhaus von Sidney, Australien. Entdeckungsreise ins Unbekannte. Film aus der Reihe „Schätze der Welt“ 15' SWR 2008.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jørn Utzon – Biller, Videoen oder Audiodateien |