Joffereninselen
Archipel vun den Antillen am Karibesche Mier
Joffereninselen | |
---|---|
Kaart vun de Joffereninselen | |
Geographie | |
Land | |
Läit an/am | Karibescht Mier |
Koordinaten: | 18° 20’ 0’’ N 64° 45’ 0’’ W |
Fläch | 650 km² |
Verwaltung | |
Demographie |
D'Joffereninselen sinn en Archipel vun den Antillen am Karibesche Mier, déi tëscht Anguilla am Osten a Puerto Rico am Weste leien. Et sinn déi ëstlechst Insele vun de Groussen Antillen. Den Anegada-Passage trennt s'am Oste vun de Klengen Antillen. Wéinst hirer direkter Noperschaft mat de Klengen Antillen, gi se heiansdo bei déi derbäigezielt.
Se sinn an dräi verschidde politesch Entitéite ënnerdeelt :
- d'Brittesch Joffereninselen, am Osten an am Norden, sinn e brittescht Iwwerséigebitt ;
- d'Amerikanesch Joffereninselen, am Süden, sinn e Baussegebitt vun den USA, dat net incorporéiert ass;
- d'Spuenesch Joffereninselen, am Westen, déi en Deel vum US-Baussegebitt Puerto Rico sinn an dowéinst och alt emol Puerto-ricanesch Joffereninsele genannt ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Joffereninselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |