Maria Ana vu Bragança (1861)

Grande-duchesse consort

D'Maria Ana (Marie-Anne) vu Bragança, och Maria Anna do Carmo de Bragança, gebuer den 13. Juli 1861 um Schlass Bronnbach an Däitschland, a gestuerwen den 1. August 1942 zu New York, war déi 5. Duechter vum 1834 ofgesate Kinnek Miguel I. vu Portugal a senger Fra, der Adelheid zu Löwenstein-Wertheim-Rosenberg (Wittelsbach).

Maria Ana vu Bragança
Titelen
Lieutenant-Représentant vu Lëtzebuerg
Zäit 02.04.1908 bis 13.11.1908
Regente vu Lëtzebuerg
Zäit 13.11.1908 bis 25.02.1912
Zäit 25.02.1912 bis 14.06.1912
Biographie
Gebuer 13. Juli 1861
Bronnbach
Gestuerwen 31. Juli 1942
New York
Bestuet mat Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Papp Michel I. vu Portugal
Geschwëster María Antonia vu Braganza
Kanner Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Charlotte vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg
mat hiren Duechteren (1920).

Den 21. Juni 1893 huet si sech mam Wilhelm vun Nassau, dem spéidere Groussherzog Wëllem IV. vu Lëtzebuerg bestuet.

Si krute 6 Duechteren, woumat dat protestantescht Haus Nassau zu Lëtzebuerg ausgestuerwen an d'Herrscherhaus kathoulesch ginn ass, wéi dat am Bestietnesvertrag virgesi war:

  1. Marie-Adélaïde (1894–1924), Groussherzogin vu Lëtzebuerg vun 1913-1919
  2. Charlotte (1896–1985), Groussherzogin vu Lëtzebuerg vun 1919-1964 – bestuet mam Prënz Felix vu Bourbon-Parma
  3. d'Prinzessin Hilda (1897 - 1979), déi den Adolf, Fürst zu Schwarzenberg bestuet huet;
  4. d'Prinzessin Antonia (1899 - 1954), déi de Krounprënz Rupprecht vu Bayern bestuet huet;
  5. d'Prinzessin Elisabeth (1901 - 1950), déi de Ludwig Philipp, Prënz vun Thurn und Taxis bestuet huet;
  6. d'Prinzessin Sophie (1902 - 1941), déi den Ernst vu Sachsen bestuet huet.

De 17. November 1905 gouf d'Marie-Anne Grande-duchesse consort. Hire Mann war mat der Gesondheet geplot, a sou iwwerhëlt si den 2. Abrëll 1908 als Lieutenant-Représentant seng Amtsgeschäfter, bis se den 18. November 1908 d'Regence iwwerholl huet[1].

Nom Doud vum Wëllem de IV., de 25. Februar 1912, blouf d'Marie-Anne Regentin bis zur Groussjäregkeet vun hirer eelster Duechter, der Marie-Adélaïde. Dës gouf de 15. Juni vum selwechte Joer Groussherzogin.

D'Maria Ana vu Bragança ass 1942 zu New York gestuerwen. Si gouf den 22. Oktober 1947 op Lëtzebuerg iwwerfouert an an der Kathedral an der Stad begruewen.

Literatur

änneren
  • Jean-Louis Scheffen, Grundstein einer neuen Dynastie - Vor 125 Jahren „feierlicher Einzug“ von Wilhelm IV. und Maria-Anna von Braganza am Luxemburger Wort vum 21. Juli 2018, S. 18-19

Um Spaweck

änneren
Commons: Maria Ana vu Bragança (1861) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. (fr)La Monarchie constitutionnelle | Cour grand-ducale. monarchie.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2024.
  NODES