Melanie Klein

éisträichesch-brittesch Psychoanalytikerin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Melanie Klein, gebuer den 30. Mäerz 1882 zu Wien, a gestuerwen den 22. September 1960 zu London war eng éisträichesch-brittesch Psychanalytikerin.

Melanie Klein
Gebuertsnumm Melanie Reizes
Gebuer 30. Mäerz 1882
Wien
Gestuerwen 22. September 1960
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Psychoanalytiker

D'Melanie Klein war d'Meedche vun engem Wiener Kiferchirurg an hat no engem Geschichts- a Konschtgeschichtsstudium eng Léieranalys beim Sándor Ferenczi gemaach. No hirem Bestietnes ass d'Famill 1914 op Budapest geplënnert an 1921 op Berlin. No hirer Scheedung huet si beim Karl Abraham eng Léieranalys gamaach an dunn eng psychanalytesch Praxis opgemaach.

1925 huet den Ernest Jones si op London invitéiert. Do huet si eng psychanalytesch Schoul gegrënnt, déi sougenannten "englesch". E puer Joerzéngte mé spéit sollt d'Anna Freud, dem Sigmund Freud säi Meedchen och zu London hir Hanpstead Child Therapy Course an Clinic opmaachen a Kannerpsychanalytiker ausbilden.

Hir Gesammelte Schriften si bei Frommann-Holzboog zu Stuttgart erauskomm:

    • 1. - Schriften 1920-1945, Teil 1, 1995
    • 2. - Schriften 1920-1945, Teil 2, 1996
    • 3. - Die Psychoanalyse des Kindes, 1997
    • 4. - Schriften 1946-1963, 2000
    • 5. - Darstellung einer Kinderanalyse, Teil 1, 2002
    • 6. - Darstellung einer Kinderanalyse, Teil 2, 2002
  • Das Seelenleben des Kleinkindes und andere Beiträge zur Psychoanalyse, Klett-Cotta, Stuttgart 2001,
  • Phyllis Grosskurth: Melanie Klein, ihre Welt und ihr Werk, Verlag Internationale Psychoanalyse, Stuttgart 1993
  NODES
Intern 1
os 1
text 2