Messier 110
De Messier 110 (och NGC 205 genannt) ass eng elliptesch Galaxie mat de Moossen 18,6' × 11,8' an der Visuell Magnitude vu +7,9 mag am Stärebild Andromeda. Si ass e Begleeder vum Messier 31, dem Andromedaniwwel, a sou wéi dësen 2,2 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. De Messier 110 gëtt haut als sphäresch Zwerggalaxie klassifizéiert. Hir Mass gëtt op 3,6 bis 15 Milliarde Sonnemasse geschat. Si huet en Halo aus aacht Kugelstärekéip.
Date vum Messier 110
| |
---|---|
Stärebild | Andromeda (And) |
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 0h 40m 22s |
Deklinatioun | +41° 41' 7" |
Ausgesinn | |
Hubble | E5 pec[1] |
magV | +7,9[2] |
Visuell Magnitude | +7,9[2] |
Wénkelduerchmiesser | 18,6 × 11,8 |
Gehéiert zu | Lokal Grupp |
Physikalesch Daten | |
Distanz | 2,2 ∙ 106 Lj |
Routverrécklung | (−847±83) ∙ 10−6 |
Heliozentresch radial relativ Vitess | (−254 ± 25) |
Absolutten Duerchmiesser | 15.000 Lj |
Mass | 3,6 • 109 bis 15 • 109 |
Geschicht | |
Entdecker | Charles Messier Caroline Herschel |
Entdeckungsjoer | 10. August 1773 27. August 1783 |
Katalogbezeechnungen | |
GC 105, H 5.18, h 44, IRAS 00376+4124, MCG +07-02-014, Messier-Katalog 110, NGC 205, PGC 2429, UGC 426, ZWG 535.14. |
Nieft dem Messier 32 ass de Messier 110 déi zweethellst Begleetgalaxie vum Andromedaniwwel a sou e Member vun der Lokaler Grupp.
Entdeckung
ännerenDe Messier 110 gouf den 10. August 1773 vum Charles Messier entdeckt, 1798 gouf eng Beschreiwung publizéiert an 1807 op enger Zeechnung vum „Groussen Andromeda Niwwel“ festgehalen. Aus onbekannte Grënn huet hien deen Objet awer ni a säi Katalog opgeholl. Offiziell gouf d'Galaxie eréischt vum Wëssenschaftshistoriker K. Glyn Jones am Joer 1966 an de Messier-Katalog opgeholl.
D'Caroline Herschel hat de Messier 110 onofhängeg vum Charles Messier de 27. August 1783 entdeckt – vum Wilhelm Herschel krut hien dunn d'Nummer H 5.18.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Messier 110 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) (de) M110 bei SEDS