Neustrien
Neustrien oder Neustria war an der Zäit vu 511 bis 737 dee westlechen Deel vum fränkesche Räich tëscht der Seine an der Loire. D'Famill vun de Merowenger war do Här a Meeschter.
Neustrien hat, soulaang et bestoung, ëmmer nees Krich mat sengem ëstlechen Noper Austrasien, woubäi dës zwee Länner awer och dacks a Personalunioun matenee verbonne waren.
Neustrien ass aus dem Räich vu Soisson ervirgaangen, a war de Virleefer vum Westfränkesche Räich. D'Chefen haten den Titel Kinnek.
Kinneke vun Neustrien
änneren- 584–629 Chlothar II. de Jonken
- 629–639 Dagobert I. (a Personalunioun)
- 639–657 Chlodwig II.
- 657–673 Chlothar III.
- 673–673 Theuderich III.
- 673–675 Childerich II. (a Personalunioun)
- 675–691 Theuderich III. (2. Kéier)
- 691–695 Chlodwig III.
- 695–711 Childebert III.
- 711–715 Dagobert III.
- 715–721 Chilperich II. (Brudder Daniel)
- 721–737 Theuderich IV.
- 737–741 Karl Martell (als Hausmeier an a Personalunioun)
- 741–743 Pippin III. (als Hausmeier)
- 743–751 Childerich III.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Neustria – Biller, Videoen oder Audiodateien |