Niharica Raizada
D'Niharica Raizada, gebuer den 18. Abrëll 1990[1] zu Lëtzebuerg[2], ass eng indesch-lëtzebuergesch Schauspillerin. Si gouf 2010 als "Miss India UK" gekréint a war Zweetplacéiert bei "Miss India Worldwide" 2010. Si ass d'Enkelin vum fréiere Bollywood Museker O.P. Nayyar. Si huet a Filmer matgespillt wéi IB71, Masaan, 6-5=2, Damadol, Total Dhamaal (2018) a Sooryavanshi (2021).
Niharica Raizada | |
---|---|
Gebuer |
18. Abrëll 1990 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | New York Film Academy |
Aktivitéit | Filmschauspiller |
Liewen
ännerenD'Niharica ass d'Enkelin vum indesche Musekskomponist O.P. Nayyar. Si huet indesch-franséisch Elteren an ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Si schwätzt Franséisch, Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Spuenesch an Hindi. Si huet eng Schwëster Nirekhna Raizada an e Brudder Avneesh Raizada.
Si ass medezinesch Wëssenschaftlerin an huet e "Master of Research" an Translationalmedezin um Imperial College London gemaach an huet duerno mat engem "Fulbright Stipendium" Fuerschung an der Kardiologie op der Johns Hopkins University zu Baltimore gemaach.
Si huet d'Schauspillerei op der New York Film Academy geléiert an huet och indesch, klassesch Musek a Ballet studéiert. D'Niharica gouf 2010 als "Miss India UK" gekréint a war 2010 och Zweetplacéiert bei "Miss India Worldwide". D'Niharica huet e Lidd op franséisch fir déi indesch Kosmetikfirma "Chambor" erausbruecht. Si war op der 45. Plaz an der India-Times-Lëscht vun de "50 Most Desirable Women" vun 2013 a koum 2015 op d'Plaz 44.
D'Niharica hat hire Filmdebut am Bengalesche Film "Damadol" am Joer 2013 an huet 2016 am Gujarati Film Var to NRI J matgespillt. Si huet 2016 zesumme mam Krushna Abhishek de Film Full 2 Jugaadu gemaach.
Si ass d'Éiere-Kultur- a Konschtambassadrice tëscht Lëtzebuerg an der Republik Indien.
Filmographie
ännerenJoer | Film | Roll | Notizen |
---|---|---|---|
2013 | Damadol | Dänzer | Bengalesche Film |
2014 | 6-5=2 | Priya | |
2015 | Masaan | Reesend Meedchen | |
Alone | Anu | ||
Baby | Reporter | ||
Ek Kali | Kuerzfilm[3] | ||
2016 | Waarrior Savitri | Savitri | |
Var zu NRI J | Tejasvini | Gujarati Film | |
2017 | Dwaraka | Telugu Film; Besonneschen Optrëtt beim Lidd "Allabi Allabi"[4] | |
2019 | The Perfect Murder | Carol | Kuerzfilm[5][6] |
Total Dhamaal | Dramfra | ||
2021 | Sooryavanshi | Inspekter Tara Manchandani | |
Himbeeren mit Senf | Jonk bestuete Fra | däitsche Film | |
2023 | IB71 | Stewardess |
Joer | Web Serie | Roll | Sprooch | Notizen |
---|---|---|---|---|
2019 | Asli Mard | Mia Gupta | Hindi | |
2021 | Coyotes | Franséisch |
Um Spaweck
änneren- Niharica Raizada bei IMDb
- Niharica Raizada op Facebook
- Niharica Raizada op Instagram
Referenzen
änneren- ↑ NIHARICA RAIZADA Archivéiert de(n) 8 February 2022. Gekuckt de(n) 8 February 2022.
- ↑ "Morgens Bollywood, nachmittags Forschung" vum Sophie Schülke am Luxemburger Wort vum 21. Dezember 2018
- ↑ (en)Ek Kali - Short Film (HD) | Feat : Niharica Raizada, Hemant Somaiya, Aayan Shinde | YouTube. Gekuckt de(n) 10 February 2022.
- ↑ "Allabi Allabi|Niharica Raizada" YouTube
- ↑ Quest Mercury, The Perfect Murder - Crime Drama Short Film | YouTube (29 January 2019). Gekuckt de(n) 1 March 2019.
- ↑ TellyTalkIndia, The Perfect Murder short film screening | Hiba Nawab, Rohan Gandotra, Niharica Raizada & more (28 January 2019). Gekuckt de(n) 1 March 2019.