Personalunioun
Personalunioun nennt een, wann eng an déi selwecht Persoun verschidde Funktiounen, déi vunenee getrennt sinn, ausüübt.
Bei feudalen Herrscher oder haudesdaags Staatscheffe schwätzt ee vu Personalunioun, wa se a méi wéi engem Land un der Spëtzt stinn.
Beispiller vu Personalunioun sinn:
- Éisträich-Ungarn tëscht 1867 an 1918; de Keeser vun Éisträich war a Personalunioun och Kinnek vun Ungarn.
- Personalunioun tëscht de Kinnekräicher Ungarn a Kroatie vun 1102 bis 1918.
- Personalunioun tëscht England a Schottland vu 1603 bis 1707 (1707 goufe se zum Kinnekräich Groussbritannien zesummegeluecht).
- Personalunioun tëscht Spuenien a Portugal (1580–1640).
- Personalunioun tëscht Holland a Lëtzebuerg (1815–1890).
- Unioun tëscht Dänemark an Norwegen (1521–1814).
- Unioun tëscht Norwegen a Schweden (1814–1905).
- Personalunioun tëscht Island an Dänemark (1919–1944).
- De Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland ass gläichzäiteg de Chef vum Commonwealth an domat Kinnek vun de Commonwealth Realms: Antigua a Barbuda, Australien, Bahamas, Barbados (bis Enn November 2020), Belize, Grenada, Jamaika, Kanada, Neiséiland, Papua-Neiguinea, Salomonen, St. Kitts an Nevis, Saint Lucia, Saint Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu.