Schluecht vu Saint-Quentin
D'Schluecht vu Saint-Quentin war den 10. August 1557. An hir koum et, am Kader vun den Italine-Kricher, zu der dezisiver Victoire vun de Spuenier iwwer d'Fransousen.[1] Déi koum zustan, well de spuenesche Kinnek Philipp II. vun der englescher Kinnigin Mary I. als Alliéiert Hëllef krut.
Oflaf
ännerenZanter Oktober 1556 hunn d'Spannungen an Italie géint d'Spuenier erëm zougeholl. Den Duc François de Guise huet d'Campagne dirigéiert. D'Spuenier hunn dovu profitéiert, datt déi franséisch Arméi wäit ewech war, an um Ufank vum Summer 1557 hu si eng Offensiv an der Picardie gestart.
Den Duc vun der Savoie Emmanuel-Philibert huetSaint-Quentin belagert, dat schlecht befestegt war. De Coligny, deen sech an do mat e puer Truppen opgehalen huet, huet versicht, dat bescht aus der Situatioun ze maachen, an et gouf och versicht, hien do erauszehuelen.
De Connétable Anne de Montmorency, deen d'kinneklech Arméi geleet huet, ass iwwer d'Somme marschéiert an huet versicht, d'Arméi duerch d'Supp an d'Stad eranzekréien. Well alles zimmlech an der Hetz geschitt ass, koumen eng knapps 500 Männer ënner dem d'Andelot eran. Duerno wollt de Connétable sech bei Dag zeréckzéien, mä duerch seng vill Bagage goung dat ganz lues iwwer d'Bün, wouvun den Emmanuel-Philibert profitéiert huet. Well hie méi Männer zur Verfügung hat, huethien hien eng Schluecht ugefaangen.
De Connétable hat emol keng Zäit seng Truppe richteg ze uerdnen an et koum zu engem Desaster fir d'Fransousen. De Connétable gouf gefaange geholl, genee wéi ee vu senge Bouwen, den Duc vu Montpensier, den Duc vu Longueville, de Louis de Gonzague, zéng Ritter vum Uerden vu Saint-Michel, an 300 Gentilhommes. D'Spuenier am Géigesaz dozou hate nëmme kleng Perten.
Mä d'Spuenier konnte vun hirem Succès net profitéieren. Si sinn zu Saint-Quentin bliwwen, wou de Philippe II. de 27. August agetraff ass, an de Coligny gouf Prisonéier geholl. Duerch dëse Retard konnt Paräis eng nei Arméi opbauen a Saint-Quentin gouf 1559 erëm franséisch. D'Prisonéier hu vill Sue misse bezuelen an den Desaster vu Saint-Quentin huet de Montmorency fir eng Zäit vun der politescher Bün ewechgeholl.
Referenzen
änneren- ↑ Ernst Walter Zeeden: Hegemonialkriege und Glaubenskämpfe 1556–1648 (= Propyläen Geschichte Europas, Bd. 2). Propyläen, Berlin, 2. Aufl. 1980, S. 26–27.