Schweess
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kierperflëssegkeet. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Schweess (Homonymie). |
Schweess (gr: ἱδρώς hidrós, lat. sudor) ass e Sekret aus de Schweessdrüsen a bestëmmten Arealer vun der Haut vum Mënsch a verschiddenen Déieren. De siichtbare Virgang vun der Schweessbildung gëtt Schweessen oder Transpiratioun genannt.
Schweess gëtt an ënnerschiddleche Quantitéite produzéiert. Dat hänkt vu Mënsch zu Mënsch of, awer och vu Facteure wéi der kierperlecher Aktivitéit an der Baussentemperatur.[1]
D'Funktioun vum Schweess ass et, um Kierper ze verdonsten an deen esou ofzekillen, wann en ze waarm gëtt. En déngt domat der Thermoregulatioun vum Organismus E produzéiert och e sauere Film op der Haut, deen antimikrobiell wierkt an en der Haut en natierleche saierleche Schutzmantel bitt.[2]
De Schweess besteet zu 99% aus Waasser; weider Bestanddeeler sinn Elektrolyter a Laktat. Donieft fënnt een am Schweess eng Rei aner Komponenten, déi meescht flüchteg sinn, dorënner Carbonsaieren (Methansaier, Bottersaier, Hexansaier), Harnstoff, Harnsaier, Bicarbonat a Cholesterin.[2]
Frësche Schweess ass bal ouni Geroch. Den typesche Schweesgeroch entsteet eréischt duerch den Ofbau vun de laangkettege Fettsaieren zu klenge Moleküller, wéi der Methansaier an der Bottersaier. Fir déi chemesch Ëmwandlung sinn d'Bakterie vun der Hautflora verantwortlech.[2]
Kuckt och
ännerenCommons: Schweess – Biller, Videoen oder Audiodateien |