Tavigny ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Houffalize an der Provënz Lëtzebuerg, ronn 3 km vun der Grenz mat Lëtzebuerg.

Tavigny
D'Schoul vun Tavigny
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Baaschtnech
Gemeng Houffalize
Koordinaten 50° 06’ 28’’ N
      05° 50’ 16’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6662

Tavigny läit op enger Héicht vu ronn 430 Meter op der Waasserscheed tëscht dem Anzuchsgebitt vun der Meuse an deem vum Rhäin.

Zu der fréierer Gemeng, déi 1977 bei der belscher Gemengereform un Houffalize ugeschloss gouf, hunn déi kleng Dierfer Buret, Boeur, Alboumont, Cetturu, Vissoûle a Cowan gehéiert.

Well eent vun de gréisste Bauwierker vum Meuse-Musel-Kanal, den Tunnel vu Bernistap, nëmmen 2 km dovun ewech louch, haten d'Ingenieure vun der Enterprise sech d'Schlass vun Tavigny als Residenz ausgesicht. De Geometer vun der Entreprise, déi um Tunnel geschafft huet, gouf um Kierfecht vun Tavigny begruewen.

Bis 1984 war Tavigny mat der Linn 163 un dat belscht Eisebunnsnetz ugeschloss. D'Gare stoung allerdéngs an der Nopeschuertschaft Buret.

Soss nach aus der Geschicht

änneren
  • Op der Plaz Saint-Martin goufen Iwwerreschter vun engem gallo-réimeschen Tempel fonnt.
  • 1316 hunn d'Pescht an eng Hongersnout d'Awunnerzuel staark reduzéiert.
  • 1334 nach eng Hongersnout duerch Spéitfrascht am Mee, deen d'Rekolten an der ganzer Géigend zerstéiert hat.
  • 15. Joerhonnert: d'Schlass gëtt gebaut.
  • 18. Joerhonnert: d'Kierch, déi dem Hellege Rémy geweit ass, gëtt gebaut.

Literatur

änneren
  • Émile Tandel, Les communes luxembourgeoises; 8 Bänn, 1889-1894; vgl. hei de Band IV, Arrondissement de Bastogne !
  • D. Guillaume (abbé), L'archidiaconé d'Ardenne dans l'ancien diocèse de Liège; 1913 (1980 nei opgeluecht).

Um Spaweck

änneren
Commons: Tavigny – Biller, Videoen oder Audiodateien
  NODES