The Third Man
Film vum Carol Reed (1949)
The Third Man ass e brittesche Film vum Carol Reed aus dem Joer 1949.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Groussbritannien |
Première | 2. September 1949 |
Dauer | 104 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,37:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Carol Reed |
Dréibuch | Graham Greene |
Fotografie | Robert Krasker |
Musek | Anton Karas |
Schnëtt | Oswald Hafenrichter |
Produzent |
Alexander Korda David O. Selznick |
Produktiouns- gesellschaft | London Film Productions |
Schauspiller | |
Joseph Cotten als Holly Martins Alida Valli als Anna Schmidt Orson Welles als Harry Lime Trevor Howard als Major Calloway Bernard Lee als Sgt. Paine Erich Ponto als Dr Winkel Ernst Deutsch als Kurtz Siegfried Breuer als Popescu Wilfrid Hyde-White als Crabbin Paul Hörbiger als Portier Annie Rosar als Fra vum Portier | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Holly Martins kënnt op Aluedung vu sengem Frënd Harry Lime an dat nom Zweete Weltkrich besate Wien. Hei kritt hie gesot säi Frënd Harry wir duerch en Autosaccident ëm d'Liewe komm.
Zitater
änneren- In Italy, for thirty years under the Borgias, they had warfare, terror, murder, bloodshed - they produced Michelangelo, Leonardo da Vinci and the Renaissance. In Switzerland, they had brotherly love, five hundred years of democracy and peace, and what did that produce? The cuckoo clock. (Harry Lime zum Holly Martins)
- fräi iwwersat: "Ënner de Borgiaen haten s'an Italien drësseg Joer laang Krich, Terror, Muerd an Doutschlag; dat huet d'Renaissance, de Michelangelo an de Leonardo vu Vinci mat sech bruecht. An der Schwäiz hate se Frëndschaft, fënnefhonnert Joer Demokratie a Fridden, a wat ass dobäi erauskomm? D'Guckucksauer." (Historesch stëmmt dat net; d'Guckucksauer kënnt aus dem "Schwarzwald" am Südweste vun Däitschland.)
Triviales
änneren- Zum Schluss vum Film kucken net dem Orson Welles seng Hänn aus de Gulli mä dem Regisseur Carol Reed seng. Den Orson Welles hat d'Dréiaarbechten schonn verlooss, wéi déi Zeen gedréint ginn ass.
- De Carol Reed wollt d'Roll vum Holly Martens un den James Stewart ginn, den David O. Selznick huet awer de Joseph Cotten durchgesat.
Gielercher
änneren- Palme d'or 1949 um Filmfestival vu Cannes
- Oscar 1950 fir déi bescht Kameraarbecht fir de Robert Krasker