Tumulus
En Tumulus (laténgesch: tumulus Koup Buedem, Hiwwel, Grafhiwwel; Méizuel: Tumuli), ass e Grafhiwwel oder en Hiwwelgraf. Et handelt sech ëm en opgeschotte Koup Buedem ënner deem souwuel eng Läich wéi och d'Äsche vun engem Doudegen (an enger Urn oder a Form vu Läichebrand) kënne begruewe sinn.
Tumuli zu Lëtzebuerg
ännerenDe Paul Modert[1], deen op ronn 4000 ha Bësch vun 8 Gemengen am Oste vum Land zirka 300 där Hiwwele vu verschiddenen Dimensioune fonnt huet, datéiert s'an déi eeler Eisen- oder sougenannt Hallstattzäit.
De Jean Engling[2] hat an de Joren 1851-54 eng Lëscht vun de réimeschen Tumuli zu Lëtzebuerg opgestallt:
- den Tumulus beim Spëttelhaff ("op der Tonn" oder "Tomm" zu Fluessweiler)
- den Tumulus um Fouss vum Tëtelbierg
- dee fréieren Tumulus net wäit vu Chrëschtnech
- Tumuli an der Gemeng Bierg
- Tumuli an der Géigend vu Biwer
- Tumuli bei Lelleg
- Tumuli tëscht Konsdref a Bäerdref
- Tumuli an der Géigend vu Kiemen
- Tumuli no bei Helzen
- den Tumulus net wäit vun Uewerwampech
- Tumuli bei Thommen (Hochtumsknopf tëscht Thommen a Maldingen) (haut: Belsch)
- Tumuli bei Nidderwampech
- Tumuli zu Tratten
- Tumuli bei Hengescht
- den Tumulus um Hiddelskneppchen tëscht Wilwerdang an Drénkelt
- en Tumulus am Bësch „Beyerholtz“ bei Rued-Sir
- 5 Tumuli am Gemengebësch vun Ohn
- en Tumulus tëscht Tratten a Kréindel
- en deemools scho bal verschwonnen Tumulus bei Zéisseng
- en Tumulus am Ettelbrécker Bësch
- en Tumulus am Bësch bei Hemstel (Am Dräieck Hemstel, Rippeg, Schanz, um Lieu-dit Nengtendeelen)
- e klengen Tumulus op der Schanz, am Marscherwald
- e puer Tumuli beim Hubertushaff
- e fréieren Tumulus um Flouer „Hohlstatt“ bei Feelen
- 2 Tumuli um Wee vum Fënsterdall op Biissen
- en Tumulus mat interessantem Inhalt tëscht Bungeref a Wolwen
- 4-5 verschwonnen Tumuli am Gréngewald
Plazeweis ginn net wäit dovun al Weeër laanscht, wéi beim Tumulus op der Schanz oder bei dem bei der Tonn genannten Hiwwelgraf bei Fluessweiler, dat aus der Réimerzäit staamt.
Literatur
änneren- Ebel, W., Die römischen Grabhügel des ersten Jahrhunderts im Treverergebiet (Band 12, Marburger Studien zur Vor- und Frühgeschichte).
- P. V. Glob: Vorzeitdenkmäler Dänemarks. Neumünster 1968 S. 169ff.
- Engling, Jean, 1851-53. "Die Römertumuli im Grossherzogthum Luxemburg". In: Institut grand-ducal, 1851-53. Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg N° 7-9. V. Bück, Luxembourg.
Um Spaweck
ännerenCommons: Tumuli – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Hiwwelgriewer am Kulmbacher Land (Landschaftsmuseum Obermain)