hien
Kuckt och : ech, du, si, hatt, mir, dir, Dir |
Nominativ | Dativ | Akkusativ | |||
---|---|---|---|---|---|
Staark F. | Schwaach F. | Staark F. | Schwaach F. | Staark F. | Schwaach F. |
hien | en | him | em | hien | en |
Perséinleche Pronomen fir déi drëtt männlech Persoun an der Eenzuel. Fir déi drëtt weiblech Persoun a fir d'Meizuel kuckt si, a fir déi neutral kuckt hatt.
Bsp:
- Hien ass e gudde Sportler.
- Geet en haut mat danzen?
- Gëff him léiwer dat Buch, wéi engem aneren.
- Et geet em net ëm déi bescht Plaz.
- Se hunn hien an där Saach fräigesprach.
- Si hunn en net respektéiert.
- Hien huet e schéint Gesiicht.
Opgepasst: Am Fall vun der Eifeler Reegel fält den n um Enn vum Wuert ewech.
- Beispiller: Hie geet schwammen. Geet hie mat an den Theater?